Schéint neit Joër 2010
Majo och mir wënschen iech alleguer e schéint neit Joër! An mir hoffen demnächst bëssen méi aktiv kënnen ze ginn
Majo och mir wënschen iech alleguer e schéint neit Joër! An mir hoffen demnächst bëssen méi aktiv kënnen ze ginn
Alles guddes gewënscht vun eis, feiert all gutt.
An hei sinn nach e puer Videoen rondrem Krëschtdag, fir all eis Informatik-begeeschtert
An hei wéi een dat mécht:
(an btw: Mir hun geupdate op Wordpress 2.9
)
Dëse Video weist wat ee ka maachen mat Solid State Disken. Eigentlech sollten se Reklamm fir d’ SSDen maachen, an dun hat hieren Informatiker eng genial Idee: De Maximum vun SSD’en huelen an Raid draus maachen, fir dann ze weisen op wat fir eng Vitess ee ka kommen an wat domat herno méiglech ass am Betriebssystem. Read more…

Ech kann mech erënneren, dass ech nach bis ob 7ième méi oft an Bicher Saachen nogesicht hunn wei am Internet – loung wahrscheinlech dorunner dass d’Léierin an d’Proffen an der analoger Welt stoen bliwwen sinn. Wann ech awer Doheem wuar as den PC ugeheit ginn an dann gouf dorobber nogefuerscht. Haut sinn mär do ukomm, dass déi meeschten Teenager Saachen am World Wide Web nosichen, bzw. fir een ganzt spezifesch d’Beispill ze ginn: sie froen ganz einfach d’Wiki. Read more…
De Cactus huet d’ Funktioun elo erëm online gesat:
http://www.cactus.lu/page.asp?id=1139&langue=1
Allerdings gesäit een elo nach nëmmen d’ Punktenzuel. Keng perséinlech Donnéeën, an et kann och näischt änneren. Domat ass den CNPD (Contre national pour la protection des données) averstan, an et ass jo och eigentlech eng gutt Léisung. Et kann een zwar dann ëmmer nach sech aloggen mat engem anerer senger Nummer, mä alles wat ee gesäit ass eng Punktenzuel, woumat een Friemen näischt ufänke kann.
De Michel (spellchecker.lu) huet sech, nodeems dass och schonn den Nekel als Kommentar beim éischten Post geschriwwen hat dass et sech wuel em en EAN-13 Barcode handelt, bëssen méi domat ausernee gesat fir sech déi Saach un ze kucken. An et ass him och gelongen, well déi läscht Ziffer ass eng Art Checksum vun deenen 12 éischten. Anescht gesot fënnt een déi eraus wann een déi aner huet – leider heescht dat, dass et fir e Programméirer nach manner Aarbecht ass fir all Zuelen duerch ze goen.
Hei ass e Wee wéi der et selwer testen kënnt: Maacht en Spreadsheet am Openoffice op an gidd an d’Feld M1 dës Formel an:
=CEILING((B1+D1+F1+H1+J1+L1)*3+(A1+C1+E1+G1+I1+K1);10)-((B1+D1+F1+H1+J1+L1)*3+(A1+C1+E1+G1+I1+K1))
An duerno gidd der an d’ Felder A1 bis L1 déi éischt 12 Zifferen un. Nodeems der am L1 déi 12. aginn hudd, gesidd der déi läscht dann automatesch.
Fir méi Detailer iwwert dee Barcode kënnt der z.B. nach hei weiderliesen: http://www.makebarcode.com/specs/ean_13.html
Anscheinend huet de läschte Post jo sou muencher een interesséiert, och d’ Wort war drun interesséiert. Déi hun och beim Cactus nogefrot, an och ech krut eng Äntwert vum Cactus, eng relativ positiv. D’ Funktioun fir sech an ze loggen mat der Kaartennummer ass vum Site verschwonn. Se schéngen et also awer eecht ze huelen, wat ech, fir de Moment mol, berouegend fannen.
Ech wäert Iech hei up2date halen wann et Neiegkeete gëtt.
D’ Cactuskaart … all regelméissegen Client vum Cactus dierft ewell esou eng hunn. En huet en ganz normalem Barcode, den eng Nummer duerstellt. Wosst dir dann och, dass ee sech um Site vum Cactus mat der Nummer alogge kann, do seng Donnéeën ännere kann an säin aktuelle Punktestand gesäit? Dat geet hei:
http://www.cactus.lu/page.asp?id=1139&langue=1
An wat ass d’ Passwuert beim éischte Login…? Read more…
Säit dem 28.8. kritt een Snow Leopard, en Update fir Leopard ze kafen. Alles an allem sinn d’Updates virun allem ënnert der Hauf geschitt, d.h. grafesch ass net sou vill Ënnerscheed ze gesinn, en ass awer e gutt Stéck méi séier, a villen Hisiichten asw. Doriwwer kann een awer genuch noliesen um Internet. Eppes wat mir opgefall ass, eppes wat warscheinlech normal User komplett ignoréieren an ech awer wichteg fannen, ass dass och Apple, genee wéi et an de Linux Distributiounen schonn standard ass, endlech Bytes richteg ëmrechent an KB/MB/GB/TB. Et stëmmt nämlech NET dass 1KB = 1024Byte, well K steet jo hei fir kilo, wat 1000 bedeit, d.h. soulaang dës standard Bezeechnungen wéi Kilo, Mega, Giga, Tera gebraucht ginn, muss och streng gesinn mat 1000 gerechent ginn, net mat 1024 (mathematesch: Mat 10er Potenzen, net mat 2er Potenzen). An dat weist den Snow Leo och richteg un elo, well meng Tera-Disken ginn als 1TB ugewisen, net wéi virdrun iergendeppes an déi 900GB. Wann d’Zuelen sou wéi virdrun sollten ugewise ginn misst net hannendru stoen GB mee GiB.
Zu dem ganzen Thema kann een hei méi liesen: http://en.wikipedia.org/wiki/Binary_prefix
Un eis iPhone-Missionaren: Hei zwou kleng Demonstratiounen, wisou Apple nach laang net un Firmen wéi Blackberry rukënnt, wann et ëm Entreprisen geet. Soulaang eis Kollegen vum Apel näämlech sech net mat Sécherheet a Verschlësselung këmmeren, ass den iPhone net fir vertraulech Daten ze benotzen.
Beweis gefälleg?
Du hues grad “Jo, mä” gesot?
Merci un den Mosqito fir den Tipp.
Recent Comments