Archive

Archive for June, 2009

HowTo: Wéi brécht een aus enger “Restricted Bash Shell” aus?

June 27th, 2009 Prometheus 4 comments

Eng restricted Bash Shell (RBS) ass näischt Annerstes wei eng Shell, déi an hiren Funktiounen ageschränkt gouf. Dëst get beispillsweis gemaach, fir verschiddenen User ob engem Server nëmmen Zougrëff ob vereenzelt Applikatiounen ze ginn. Read more…

Categories: Linux, Sécherheet Tags: ,

Sarkozy geet an déi zweet Ronn

June 24th, 2009 Prometheus 1 comment

Obwuel entscheedend Deeler vum Gesetzesentworf “La Loi Hadopi” vum franséischen Verfassungsgeriicht fir ongülteg erklärt goufen, steiert sech den Herr Sarkozy relativ wéineg drun.

“Sur Hadopi, j’irai jusqu’au bout!”.

war een vun sengen “groussen” Sätz den 22 Juni zwëschen den Maueren am Schlass vun Versailles.

Read more…

Firefox rüstet sech geint XSS-Ugreff

June 24th, 2009 Prometheus No comments

Mozilla Firefox wëll esou Ugrëffer an Zukunft mat Hëllef vun enger Content Security Policy (CSP) verhënneren. Fir dass deen ganzen Konzept iwwerhaapt funktionéiert, gëtt den Browser lo nëmmen nach gewuer wéieen Content vertrauenswürdeg ass.

Read more…

Adobe Flex – Internet Applikatiounen am Flash

June 24th, 2009 Georges Jentgen 9 comments

Zenter en puer Méint schaffen ech lo haaptsächlech mat Adobe Flex. An enger Rei Artikelen well ech gär meng Erfahrungen publizéieren an an en Abléck do dran ginn wat Flex ass an wei Flex meng Art an Weis Internet Applikatiounen ze developpéieren changéiert huet.

Fir unzefänken well ech an dësem klengen Artikel kuerz erklären wat Adobe Flex ass an weieng Virdeeler dat Schaffen mat der Flash Plattform huet.

Read more…

iPhone Tethering hei am Land

June 19th, 2009 Johny G 11 comments

Eng Funktioun déi wierklech nëtzlech ka sinn, ass de sou genannten Tethering, d.h. den iPhone als Modem asetzen fir mat engem Laptop op den Internet ze kommen. Hei zu Lëtzebuerg mat eise Provider, ass et am Moment esou dass Vox folgende Statement ofginn huet:

La fonctionnalité « tethering » …nécessite l’activation d’une option « modem data iPhone 3G ». … cette option sera gratuite jusqu’au 15 septembre 2009 à savoir , les clients ayant souscrits les offres iPhone 3G All Inclusive 35 ou 50 pourront utiliser le volume data inclus …

Après cette date, le service sera offert au prix de 10€/mois.

 
Déi wëllen also 10€ de Mount froen fir dass een dat iwwerhaapt kann maachen. LuxGSM réagéiert do schonn anescht drop: Read more…

iPhone OS 3.0 – MMS verschécken [UPDATE]

June 18th, 2009 Johny G 1 comment

Zimlech jiddereen deen en iPhone huet, wäert gëschter Owend direkt déi nei, 3.0 Firmware drop gesat hunn, wou och MMS domat ënnerstëtzt gëtt. Kollegen vu mir déi bei VOX sinn, gesinn dës Astellunge mol net, wahrscheinlech well se vum Netz selwer sollten (!) geliwwert ginn. LuxGSM do kann ee se och astellen, mee par défault sinn der dran, déi funktionéieren allerdéngs esou net. En brauch laang fir ze schécken, an dann weist en en Rout Ausruffzeechen nieft dem Bild (oder wat der wollt schécken eben), an seet Sending failed. Ech selwer si bei Tango, also dem eenzege Provider hei am Land deen keen iPhone huet. Ech hu probéiert mat ganz verschiddenen Astellungen vun den MMS ënner Settings -> General -> Network -> Cellular Data Network, an hunn dunn endlech déi richteg Konfiguratioun fonnt mat der et geet, an se kommen och direkt un déi aner Säit.

Read more…

Facebook Kalenner exportéieren

June 16th, 2009 claude 1 comment

Facebook bitt en klengen agebauten Kalenner un, wou d’Events fir déi een sech ugemellt huet an d’Gebuertsdeeg agedroen ginn. Leider gëtt et keen offiziellen Wee, dës Donnéeën z’exportéieren an en lokalen Kalenner-Programm wéi beispillsweis Apple iCal, Mozilla Sunbird, Google Calendar oder Microsoft Outlook anzebauen. Dass et trotzdem méiglech ass, soll dës kleng Uleedung weisen.

E puer Facebook-Application Entwéckler hunn sech dru gesat, dësen Kalenner offline accessibel ze maachen. Eraus komm ass d’Applikatioun fbCal, déi een op sengem Facebook-Account installéieren muss. Hei muss een der Applikatioun verschidden Rechter ginn: Als éischt muss se kënnen op d’Profil zeréckgräifen, an sie muss offline kënnen funktionéieren. Dëst brauch een, fir den Kalenner mat dem jeeweilegen Programm synchroniséieren ze kënnen.
Read more…

Categories: Howtos, Software, Web Tags: , ,

Windows 7 ouni Internet Explorer

June 14th, 2009 Johny G 18 comments

Laut News op heise.de vun virgëschter, gëtt de Windows 7 hei an der EU ouni den IE  ausgeliwwert. D’ PC-Hiersteller kënnen zwar herno drop installéieren wat se wëllen vun Browser, also och IE, mä standardméisseg ass en net drop.

Och wann vill Informatiker net grad Microsoft-fan sinn, zemols Web-entwéckler déi den IE net ganz gäer hunn, kann ee sech froën ob dat de richtege Wee ass. En Betriibssystem ouni Browser (standardméisseg) ausliwweren, do feelt natierlech eppes. Dobäi bidd Microsoft ville vun deene Browser iwwerhaapt d’ Méiglechkeet ze bestoën, an dann gëtt deene selwer verbueden en komplette Package als Betriebssystem ze verkafen. Natierlech ass et méiglech, dass d’ PC-Hiersteller elo virum Verkaf all Firefox installéieren … mä ob dat wärt de Fall sinn, ass of ze waarden.

Buch iwwert Droit zu Lëtzebuerg a Verbindung mam Internet

June 12th, 2009 Johny G 9 comments

Wann een aktiv ass als Webmaster, gëtt ee fréier oder spéider, ob gewollt oder net, iergendwéi mam Droit konfrontéiert. Natierlech muss een dofir net Webmaster sinn, alleng d’ Fro ob an wéi Rechter vu Fotoen online behandelt musse ginn, oder ob d’ Erof lueden vun gerippte Filmer hei legal ass, bréngt een zum Nodenken. Oft komme Leit mat ganz komeschen Erklärungen mat hirer Opfaassung vun engem Gesetz, vergiessen dann awer erëm aner Aspekter an esou weider. Den Thierry Reisch, lëtzebuergesche Affekot, huet sech an de läschte Joeren mam Droit befaasst am Bezuch op Internet an allgemeng déi nei Kommunikatiounstechnologien, an doriwwer huet hien elo virun enger Zäit e Buch eraus bruecht. Et ass selbstverständlech op Franséisch, wat jo net ze vermeiden ass wéinst eise Gesetzer, an et ass och net ganz geschenkt, allerdéngs sinn et, menger Meenung no, gutt investéiert 53€.

Hei kann een et direkt online bestellen: Internet et les nouvelles technologies de la communication face au droit luxembourgeois

Ech hu mer et selwer och bestallt virun ongeféier 2 Wochen, hat awer bis elo nach net déi néideg Zäit fir vill dran ze liesen, zemools och well et eppes ass wou een 100% muss derbäi si mat de Gedanken wann een Saachen dran no sicht, soss huet et kee Wäert.

Et ass dat éischt Buch an dem Beräich iwwerhaapt, an ech si frou, dass een sech d’ Méi gemaach huet seng Recherchen an säi Wëssen a Form vun engem Buch fir Leit wéi eis zougänglech ze maachen.

Wëllkomm op NetSphere.lu

June 10th, 2009 Johny G 11 comments

Dann geet et elo mol lass :)

NetSphere.lu ass e Blog an deem mir regelméisseg bloggen iwwert Themen déi ze dinn hunn mat der Informatik, dem Internet, an Technologien déi mat dem ganzen ze dinn hunn. D’ Idee dëse Blog ze maachen ass doduerch komm, dass de Claude an ech (Johny) allen zwee regelméisseg op eise private Blogs iwwert esou Themen gebloggt hunn, mä mer hunn et besser fonnt wann déi Themen op engem Blog wieren den nëmmen spezifesch dofir geduecht ass. Ausserdeem kënne mer zu zwee (an nach aner Auteuren) de Leit méi bidden.

Et wäert alles op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Beräicher iwwert déi mer wäerte bloggen hu mer der vill, och wann een am Moment d’ Kategorien nach net all ka gesinn, et sinn der nawell e puer do.

Wann een interesséiert ass och mat Posts ze schreiwen, dann kann en eng E-Mail schécken op info@netsphere.lu.

An geschwënn wäerten dann och déi éischt technesch Posts op dauchen :)

Vill Spaass, an denkt drun den RSS-Feed ze abonnéieren.

Categories: Lëtzebuerg, NetSphere Tags: