Home > Lëtzebuerg, NetSphere > Wëllkomm op NetSphere.lu

Wëllkomm op NetSphere.lu

Dann geet et elo mol lass :)

NetSphere.lu ass e Blog an deem mir regelméisseg bloggen iwwert Themen déi ze dinn hunn mat der Informatik, dem Internet, an Technologien déi mat dem ganzen ze dinn hunn. D’ Idee dëse Blog ze maachen ass doduerch komm, dass de Claude an ech (Johny) allen zwee regelméisseg op eise private Blogs iwwert esou Themen gebloggt hunn, mä mer hunn et besser fonnt wann déi Themen op engem Blog wieren den nëmmen spezifesch dofir geduecht ass. Ausserdeem kënne mer zu zwee (an nach aner Auteuren) de Leit méi bidden.

Et wäert alles op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Beräicher iwwert déi mer wäerte bloggen hu mer der vill, och wann een am Moment d’ Kategorien nach net all ka gesinn, et sinn der nawell e puer do.

Wann een interesséiert ass och mat Posts ze schreiwen, dann kann en eng E-Mail schécken op info@netsphere.lu.

An geschwënn wäerten dann och déi éischt technesch Posts op dauchen :)

Vill Spaass, an denkt drun den RSS-Feed ze abonnéieren.

Categories: Lëtzebuerg, NetSphere Tags:
  1. June 10th, 2009 at 23:54 | #1

    Here we go. :)

  2. June 11th, 2009 at 00:09 | #2

    Cool saach, unsech huet jo nach sou en blog hei zu letzebuerg an der bloggersphere gefeelt, Ech wenschen vill erfolleg

  3. June 11th, 2009 at 06:59 | #3

    Kaum um Internet, schon an der Blogbuerg ;)

  4. June 11th, 2009 at 08:03 | #4

    Super! Lo kann et jo lass goen :)

  5. June 11th, 2009 at 08:36 | #5

    Hmm, do schéngt ë Problem mam RSS-Feed ze sin, dee leed op Feedburner ëm. Ass dat lo de richtegen? Ech droen dee mol an der Blogbuerg an, soss gëtt do näischt ugewisen.

  6. June 11th, 2009 at 10:28 | #6

    Ass well mer um Ufank Feedburner probéiert haten, ass awer elo wech an geet op den op eisem Server.

  7. June 11th, 2009 at 13:59 | #7

    Hm en effet huet Feedburner bëssen genervt. Hoffen dat ass elo gefixt. Den WPTouch Plugin fir iPhone/iPod Touch leeft och. Enjoy!

  8. June 11th, 2009 at 16:07 | #8

    Maja da wenschen ech och mol alles Guddes fir ären Projet :)

  9. June 11th, 2009 at 19:23 | #9

    Ah, laang huet ët jo nët gedauert, vun der Iddi bis zum färdege Site.
    Dir sidd natierlech och schon um syn2cat planet op http://syn2cat.lu/planet vertrueden.
    Free mech op kritisch Analysen an interessant Bäitreeg!

  10. June 11th, 2009 at 21:12 | #10

    Nice nice!
    Schon RSS abonnéiert ;) Ech si mol gespaant!

  11. June 14th, 2009 at 15:58 | #11

    Fannen dat heiten eng echt gudd Idee, well mär bis elo jo nach each keng zentral Platz hatten wou alles regelmeissech dokumenteiert gouf – zemindest wees ech net dovunner. RSS och schons abonneiert. Dann kan et jo lass goen.

    P.

  1. No trackbacks yet.