Buch iwwert Droit zu Lëtzebuerg a Verbindung mam Internet
Wann een aktiv ass als Webmaster, gëtt ee fréier oder spéider, ob gewollt oder net, iergendwéi mam Droit konfrontéiert. Natierlech muss een dofir net Webmaster sinn, alleng d’ Fro ob an wéi Rechter vu Fotoen online behandelt musse ginn, oder ob d’ Erof lueden vun gerippte Filmer hei legal ass, bréngt een zum Nodenken. Oft komme Leit mat ganz komeschen Erklärungen mat hirer Opfaassung vun engem Gesetz, vergiessen dann awer erëm aner Aspekter an esou weider. Den Thierry Reisch, lëtzebuergesche Affekot, huet sech an de läschte Joeren mam Droit befaasst am Bezuch op Internet an allgemeng déi nei Kommunikatiounstechnologien, an doriwwer huet hien elo virun enger Zäit e Buch eraus bruecht. Et ass selbstverständlech op Franséisch, wat jo net ze vermeiden ass wéinst eise Gesetzer, an et ass och net ganz geschenkt, allerdéngs sinn et, menger Meenung no, gutt investéiert 53€.
Hei kann een et direkt online bestellen: Internet et les nouvelles technologies de la communication face au droit luxembourgeois
Ech hu mer et selwer och bestallt virun ongeféier 2 Wochen, hat awer bis elo nach net déi néideg Zäit fir vill dran ze liesen, zemools och well et eppes ass wou een 100% muss derbäi si mat de Gedanken wann een Saachen dran no sicht, soss huet et kee Wäert.
Et ass dat éischt Buch an dem Beräich iwwerhaapt, an ech si frou, dass een sech d’ Méi gemaach huet seng Recherchen an säi Wëssen a Form vun engem Buch fir Leit wéi eis zougänglech ze maachen.

Kéngt wéi eppes wat ech mer éischter aus enger Bibliothéik léinen géif goen wéi eppes dat bei mer am Bicherregal steet, mee ‘t as gudd dass een Expert sech mol domat befaast huet dat ganzt dem Laien (relativ) zougänglech ze maachen.
En effet, kléngt bëssen no engem Bibliothéik-Schmöker.
Fir een wéi mech, deen am Beruff wéi och privat sou oft mat tonnen esou Themen konfrontéiert gëtt, geet et net duer sech et ausléinen ze kënnen
“Il s’adresse aux juristes (magistrats, avocats, autres professions juridiques) mais aussi à un public plus large.” Kléngt fir mech no engem Buch wou een all Saz 4 mol muss liesen fir en ze verstoen. An op een et dann ouni Grondwëssen an Gesetzestext versteet bezweiwelen ech och nach. Mee Johny du kanns et jo mol liesen an da soen wéi s de et fonnt hues, dann quälen ech mech och mol doduerch
An mir kannste et dann léinen.
@Pit: Nee dat mat “aux juristes” ass, menger Meenung no mol, well hien sech dermat ausernee gesat huet an wann et konkret em den Internet geet, dass ee mat sengem Buch méi séier Äntwerte fënnt wéi wann se géifen an de Gesetzestexter nosichen. Ka mech natierlech och ieren, mä ech verstinn et esou.
Dann wësse mer méi
Wärt nach e puer Wuert derzou lass ginn soubal ech bëssen dran gelies hunn
Huet da lo een et gelies? Ass et derwäert sech et ze leeschten?
Nach keng Zäit dofirt gehat :/ (an souwisou, dat ganz liesen wéiwann et harry Potter wir, mengen ech bréngt kee fäerdeg
)
Waat mech vlait mol géif intresseiren wier , op d buch drop ageet , wouropper Freelancer hei zu letzebuerg mussen oppassen , brauchen fir de start vun enger carrière als freelancer .. doriwwer hunn ech bis lo mol neirens eppes fonnt