Home > International, Microsoft, Software > Windows 7 ouni Internet Explorer

Windows 7 ouni Internet Explorer

Laut News op heise.de vun virgëschter, gëtt de Windows 7 hei an der EU ouni den IE  ausgeliwwert. D’ PC-Hiersteller kënnen zwar herno drop installéieren wat se wëllen vun Browser, also och IE, mä standardméisseg ass en net drop.

Och wann vill Informatiker net grad Microsoft-fan sinn, zemols Web-entwéckler déi den IE net ganz gäer hunn, kann ee sech froën ob dat de richtege Wee ass. En Betriibssystem ouni Browser (standardméisseg) ausliwweren, do feelt natierlech eppes. Dobäi bidd Microsoft ville vun deene Browser iwwerhaapt d’ Méiglechkeet ze bestoën, an dann gëtt deene selwer verbueden en komplette Package als Betriebssystem ze verkafen. Natierlech ass et méiglech, dass d’ PC-Hiersteller elo virum Verkaf all Firefox installéieren … mä ob dat wärt de Fall sinn, ass of ze waarden.

  1. June 14th, 2009 at 14:54 | #1

    I like! Wéi dat duerno am Kloertext wäert ausgesinn, ass of ze waarden. Hoffen mol, dass vill méi Fokus op OpenSource Uwendungen, wéi hei zB Firefox geluecht gëtt.

  2. Guy
    June 14th, 2009 at 15:02 | #2

    Flott gëtt et wann guer keen Browser drop kennt ;) well wei luet een dann een Browser erof? wget gëtt et do jo net :p

  3. June 14th, 2009 at 15:09 | #3

    @Guy: Anscheinend soll et de Leit einfach gemaach gin mat “Package” (wat och ëmmer domat gemengt ass) den IE awer ze installéieren…

  4. June 14th, 2009 at 15:21 | #4

    Wei ech am FB schon geschriwwen hun wärt daat eischt sin waat den User nom Installeiren geseit en POPUP fir den IE8 sin. An dann ass et rem geschass :)

    @Johny: cool, lo muss den User Start -> CMD -> “apt-get install msie8-unstable” machen , hrhr…

  5. Guy
    June 14th, 2009 at 15:30 | #5

    Hmm wann ech dat nach mol sou iwwerleeën dass kennen ech lo direkt keen OS wou keen Browser installéiert ass, ech hunn et just ëmmer blöd fond dass een den IE net propper konnt deinstalléieren, well esouvill dorun hänkt. Mol kucken wat dat doen gëtt ;)

  6. June 14th, 2009 at 15:39 | #6

    @Johny G
    Wahrscheinlech leien um Desktop dann eng “InternetExplorer.exe” an eng “FireFox.exe” fir den jeeweilegen Browser z’installéieren.

    @Georges Jentgen
    An IE8-stable wäert et ni ginn. ;)

  7. June 14th, 2009 at 15:46 | #7

    Ech geif et gudd fannen, wann no dem eichten Start vun Windos 7 einfach geif een Pop-Up obgoen – dat wär jo dann schons deen dretten ^^ – wou een dan d’Qual vun der Wahl hätt. Fiir all Browser soll d’Logo an een klengen summary vertrueden sinn. En einfachen Klick ob sein Favorit an zack get deen installeirt.

    Vill wärten den IE dennach huelen, well se deen aus XP, Vista an Co. kennen an et verschidenner ginn dei sech naiht besseres beleiern loosen wellen. Mee een Versuch as et wärt. :)

    Jan

  8. June 14th, 2009 at 15:48 | #8

    Dat wier en effet eng gutt Léisung, no der Installatioun oder beim éischten Boot verschidden Settings wéi Sprooch, Clavier, Browser festleeën ze mussen.

  9. June 14th, 2009 at 15:55 | #9

    @claude

    Dat geif d’Performance deemno wei zuguer nach an d’Luucht drecken. Ob M$ allerdengs lo welleg as dat ze maan as enger aaner Fro. Zemindest kreien sel alt lo Mol bessen mei ob d’Fangeren gekukt, zemindest hei an Europa.

    Lo mussen mär et just nach durch gesaat kreien, dass sech nach mei Menschenfiir frai Software intresseiren an net mei fiir dei propritär an monopolistech Applications, dann as d’Welt alt rem em een klengt Steckchen besser. :)

    P.

  10. June 15th, 2009 at 00:06 | #10

    Also dat mam Wielen vun Browser bei der Install kënne se jo sou net maachen, well et gi jo awer immens vill Browser, net just nach FF an Opera. Och nach vill klenger déi och mir mol net kennen, an dann géife se erëm Sträit mat deene kréien.

  11. June 15th, 2009 at 09:51 | #11

    Stemmt allerdengs och rem. Dann misst een vielleicht verschidden Mindestunfuerderungen obstellen. Dat ganzt as zimlech komplex.

  12. vimo
    June 15th, 2009 at 22:44 | #12

    Ech fannen daat total lächerlech. Een OS ouni browser? Wiesou? Monopol-stellung? wiesou däerf Mac OS dann mat safari ausgeliwwert gin? Kennt den OS dann zukünfteg och ouni notepad? ouni calculator? daat éiwegt gestreits iwwert Betriebssystemer ass dach lächerlech. ech perséinlech sin dee leschte mensch deen IE oder MS oder soss een verteidegt, mee wou ass dann de problem fir bei enger neier installatioun den IE ze starten an op getfirefox.com ze goen? Ech verstin jo dass elo all d’ ‘Insider’ sech d’hänn reiwen, dass MS lo mol “endlech op d’fanger geklappt kritt”, mee lo versetzt ierch emol an den 65-jähregen Otto Normal, deen säin fuschneien 1000-euro Computer fir d’éichte kéier start, an dann muss feststellen dass en d’handbuch auspaacke muss fir ze kucken wei een ee browser start? Den eenzege grond wiesou IE iwwerhaapt nach genotzt get ass io souwiesou deen; kaum een benotzt IE io aus iwwerzeegung mee wiesou kann een daat net dobäi beloossen?! einfach lächerlech

  13. June 15th, 2009 at 22:54 | #13

    Ech muss derbäi soen, ech sinn der selwechter Meenung wéi de vimo :) Et kéint een et op nach tonnen aner Deeler vum OS uwenden.
    (Obwuel dat mat Mac OS sou ass well Safari keng Monopol-stellung huet)

  14. June 17th, 2009 at 00:00 | #14

    @vimo

    Jo kann een ganz wuel ob vill Deeler vun engem OS ausdeelen, mee et geet jo net nemmen em d’Wirtschaftslaach vum IE geigeniwer deeen aaneren, mee och em d’Secherheet. Well den IE as jo awer schweizer Keis Nr. 1 an vun Kompatibiliteitsproblemer guet net zeschwätzen. Ausserdem huet een Calculator net déi selwecht Positioun wei den Browser bei den Notzer dobausen, well den Browser as deen am meechten genotzen “externen” Programm.

    J.

  15. vimo
    June 17th, 2009 at 11:10 | #15

    @Prometheus
    Natierlech gin ech der recht, an mir all wessen waat IE fir problemer mecht (ech schaffen niewelaanscht als webdev, ech kann der ee lidd dovun sangen). Nichtsdestotrotz fannen ech dass do d’signaler an eng komplett falsch richtung gin. Wéi gesoot; mech géif et io net steieren wann IE net out-of-the-box installeiert wier, mee ech sin der meenung dass een daat engem ‘neiling’ net undoe muss. Ech mengen et brauch een nemmen dei aktuell trends ze kucken? wiesou huet Mac sou en enorme succes? (imho: ) well einfach alles fonctionneiert no der éichter kéier wou een en umecht. Photoen bearbegten, musek lauschteren, browsen, … alles fonctionneiert mat 1 eenzege mausklick nom éichten booten. An genau daat well ee groussdeel vun den computernotzer dach!? déi wéinegst leit kemmeren sech em secherheetslücken oder den multi-process vum chrome (fir einfach mol ee beispill ze nennen). vun dohir beharren ech do e bessen op menger meenung :) ech wier deen éichten dee géif d’schampes auspaacken wann IE einfach verschwennt, mee schlussendlech ass et io sou dass déijéineg déi KEEN IE benotzen vlait 5 minutten brauchen fir sech alternativ software ze besuergen während aanerersäits d’Otto-Normal User hechstwahrscheinlech vill méi domadder geploot sin, wann se keen browser hun fir unzefänken.
    Soit, ech muss der natierlech och recht gin, waat do Notepad an Calculator betrefft, mee ech wollt domadder just soen dass den iwwergang do net vu schwaarz op wäiss ass. Ech erenneren mech do un zäiten wou den IE méi oder wéineger konkurrenzlos war (Netscape Navigator mol aussen vor gelooss), an do huet io och keen gemeckert. Wiesou muss IE lo ee feature vun hirem OS (well als solches gesin ech daat) ausbauen, nemme well et mettlerweil konkurrenzsoftware get?
    Waat och emmer gescheie wäert, eis all (ech assumeieren dass mer hei all mei oder weineger informatiktechnesch bewandert sin ^^) kann et io egal sin, well dei leit dei sech mat secherheetslücken, kompatibilitéit, schnellegkeet, etc vun engem browser beschäftegen wessen am allgemengen dass IE net daat richtegt ass.

  16. June 17th, 2009 at 22:25 | #16

    Mei gescheit wier et IE drop ze lossen an et en Gesetz gierf gin deen M$, Mozilla, Apple, Opera an wien nach der Daiwel, firzeschreiwen dass en Browser soll Standardkonform an secher soll sin. Dann ass all Browser gudd an ass + ou – eng Affaire de Gout weien een well/soll huelen.

    Esou wieren se mol gezwongen en gescheiten Browser ze programmeiren an M$ dierf weider MSIE spillen.

  17. Guy
    June 18th, 2009 at 00:41 | #17

    Sou eng Software kann ni 100% sécher sinn, dofir sinn déi ze grouss.

  18. June 19th, 2009 at 14:29 | #18

    @vimo

    Gesinn an was de soen wells. :) Denken, dass d’EU zimlech vill Drock ob se mecht, well se soss nach mei “Kontroll” iwert Client-PC’s kreien wei se hun an dei aaner nach maaner Chancen. Sie krutten der an leschter Zeit puer bei d’Kescht an mam IE get lo vielleicht een “Zeechen” gesaat fiir ze soen: Schluss lo. Well et as jo gewosst, dass sie sech iwert jiidereen wellen hinwechsetzten.

    Apple geet natiirlech och stramm Bierg ob an se ginn och an d’Richtung M$ wat d’Firmenpolitk ungeet, Beispill: iPhone.

    Anyway, hoffen dass d’Leit mei skeptesch ginn an sech ob frai Software verlossen.

    @Guy

    100% secher kann et net sinn, mee wei den Georges soot, wär et gudd wann zemindest all Browser Standardkonform wier an een Minimum vun Secherheet fiir den User geif bidden, dei an Funktioun mat den momentaner Secherheetsherausfuerderungen stinn.

    J.

  1. No trackbacks yet.