Facebook Kalenner exportéieren
Facebook bitt en klengen agebauten Kalenner un, wou d’Events fir déi een sech ugemellt huet an d’Gebuertsdeeg agedroen ginn. Leider gëtt et keen offiziellen Wee, dës Donnéeën z’exportéieren an en lokalen Kalenner-Programm wéi beispillsweis Apple iCal, Mozilla Sunbird, Google Calendar oder Microsoft Outlook anzebauen. Dass et trotzdem méiglech ass, soll dës kleng Uleedung weisen.
E puer Facebook-Application Entwéckler hunn sech dru gesat, dësen Kalenner offline accessibel ze maachen. Eraus komm ass d’Applikatioun fbCal, déi een op sengem Facebook-Account installéieren muss. Hei muss een der Applikatioun verschidden Rechter ginn: Als éischt muss se kënnen op d’Profil zeréckgräifen, an sie muss offline kënnen funktionéieren. Dëst brauch een, fir den Kalenner mat dem jeeweilegen Programm synchroniséieren ze kënnen.

Wann dat bis geschitt ass kritt en ugewissen, wat een alles exportéieren kann, an welch Applikatiounen ënnerstëtzt ginn.

Hei muss een nëmmen nach den Kalenner uklicken, deen een lokal notzen well. Als läscht Etapp muss een dësen Kalenner nëmmen nach an sengem Client abauen, hei zB bei Mozilla Sunbird:

Als Location muss een natirlech “On the network” auswielen, an dann gëtt een opgefordert d’Adress vum Kalenner anzeginn. Dëst ass d’Adress, déi fbCal eis virdrun uginn huet. Elo kann een nach seng Faarw bestëmmen, an fäerdeg ass de Lack.

Jo, dat huet facebook natierlech net op sech setze gelos.
Ab (winni?) nativen iCal export. http://www.facebook.com/ical/u.php?uid=xxxx&key=yyyy