iPhone OS 3.0 – MMS verschécken [UPDATE]
Zimlech jiddereen deen en iPhone huet, wäert gëschter Owend direkt déi nei, 3.0 Firmware drop gesat hunn, wou och MMS domat ënnerstëtzt gëtt. Kollegen vu mir déi bei VOX sinn, gesinn dës Astellunge mol net, wahrscheinlech well se vum Netz selwer sollten (!) geliwwert ginn. LuxGSM do kann ee se och astellen, mee par défault sinn der dran, déi funktionéieren allerdéngs esou net. En brauch laang fir ze schécken, an dann weist en en Rout Ausruffzeechen nieft dem Bild (oder wat der wollt schécken eben), an seet Sending failed. Ech selwer si bei Tango, also dem eenzege Provider hei am Land deen keen iPhone huet. Ech hu probéiert mat ganz verschiddenen Astellungen vun den MMS ënner Settings -> General -> Network -> Cellular Data Network, an hunn dunn endlech déi richteg Konfiguratioun fonnt mat der et geet, an se kommen och direkt un déi aner Säit.
Hei e Screenshot dovun fir all déi déi nach sollten Tango hunn:
Wat bis elo getest ass, ass folgendes:
- Vun Tango op VOX: Klappt
- Vun Tango op LuxGSM: Klappt
- Vun LuxGSM op LuxGSM: Klappt
- Vun Tango op Tango: Klappt
- Vun VOX op Tango: Klappt
- Vun LuxGSM op Tango: Klappt
Soubal mer méi wëssen, gëtt et natierlech hei geupdate. Wann s du et selwer eraus fonnt hues, looss eis et wëssen fir dass mer et kënnen der Welt weiderginn
[Update] Wisou verschiddener net ukommen (ëmmer bei Tango) wësse mer nach net, well schécken klappt op aner Netzer.
[Update2] De Proxy huet gefeelt bei Tango, fir se ze kréien, den Screenshot weist en, an sou klappt elo alles

Salut,
ech hun e Kolleeg, deen bei VOX ass.
Bei him klappt schecken vun MMS net. Et dauert eng Eiwegkeet, bis de Fehler kennt.
Vun Tango wees ech, dass een bei Einstellungen->Telefon an “Mein Iphone” seng eegen Telefonsnummer muss agin “352691xxxxxx”.
Daat hun ech beim Vox och sou probeiert (mat der VOX Nummer natiirlech), an och no engem Reboot schengt et net ze goen.
D’APN-Astellungen fier MMS sin automatesch an kennen net editeiert/gekuckt gin.
(Bon, vielleicht huet en hei och nemmen schlecht Netz).
Huet do een ähnlech Erfahrungen?
Merci,
Michel