iPhone Tethering hei am Land
Eng Funktioun déi wierklech nëtzlech ka sinn, ass de sou genannten Tethering, d.h. den iPhone als Modem asetzen fir mat engem Laptop op den Internet ze kommen. Hei zu Lëtzebuerg mat eise Provider, ass et am Moment esou dass Vox folgende Statement ofginn huet:
La fonctionnalité « tethering » …nécessite l’activation d’une option « modem data iPhone 3G ». … cette option sera gratuite jusqu’au 15 septembre 2009 à savoir , les clients ayant souscrits les offres iPhone 3G All Inclusive 35 ou 50 pourront utiliser le volume data inclus …
…
Après cette date, le service sera offert au prix de 10€/mois.
Déi wëllen also 10€ de Mount froen fir dass een dat iwwerhaapt kann maachen. LuxGSM réagéiert do schonn anescht drop:
Här Rosenfeld vun Luxgsm, Wort.lu: Ob sich an der Preisstruktur etwas ändern werde, könne er derzeit nicht sagen, jedoch: “Prinzipiell zahlt der Kunde für ein definiertes Datenvolumen. Ob er dieses Volumen via iPhone oder mit dem iPhone als Modem verbraucht, ist eigentlich egal,” so Rosenfeld.
Recht huet de Mann, ob de Volume, deen ee jo bezilt, vu Computer genotzt gëtt oder iPhone, spillt eigentlech keng Roll. Mä Vox schéngt do anescht ze denken. Bei Tango, seet keen eppes offizielles well jo se och jo offiziell keen iPhone verkafen, allerdéngs hunn ech mat engem Kolleeg gëschter den Tethering un d’goen kritt, mer sinn allen zwee bei Tango, an esou funktionéiert et:
1. Gidd mam iPhone op http://help.benm.at
2. Dann gitt op “Mobileconfigs”, dann wielt der do Lëtzebuerg, an dann Äre Provider.
3. Installéiert déi Konfiguratioun. Do gëtt nëmmen eng Konfiguratiounsdatei erofgelueden an agestallt op ären iPhone, et ass also näischt ze fäerten, dat kann een alles herno selwer nach erëm änneren.
4. Wielt an de Settings -> General -> Network beim Tethering tëschent nëmmen USB oder USB an Bluetooth fir den Tethering aktiv ze hunn, logesche Choix ass den USB. Duerno, wann der den Tethering aktivéiert hutt, schléisst en un de Laptop wou der wëllt testen (Denkt drun, fir ze testen WLAN ausmaachen an/oder Kabel raus zéien vum Netzwierk).
5. De Mac seet direkt dass en en neien “Network Device” fonnt huet deen nach net konfiguréiert ass um Mac. Maacht d’Netzwierk Astellungen op iwwert dee Popup, an wann DHCP gewielt ass uewen, dann dréckt Apply ënnen riets.
6. Bei mengem Kolleeg huet mussen “Assist me” kuerz gemaach gi fier, dass et wierklech funktionéiert, ech hu bei mir Netzwierk Astellungen zougemaach, an den iPhone erof geholl vum USB an erëm nei drun ugeschloss, an voilà, dunn ass alles gaang, mer konnten allen zwee iwwert den iPhone op de Web zougräifen.
Wann der dëst bei Vox esou maacht, kann et wuel sinn, dass Der géint hir Konditiounen verstousst vum Kontrakt, dat ass un iech selwer ze klären. LuxGSM schéngt jo kee Problem domat ze hunn, an Tango huet gëscht an engem Tangoshop och bestätegt dass si dat erlaben.
Vill Spaass beim Tetheren

Also hei bei eis am Land (Austria) geet den Tethering och nemmen mat engem Supplement vun x € den Mount + den Volume deen een doriwwer vorbraucht. Schued!
Ech mengen ech testen dat den Owend mol mam iPhone vun engem Kolleg. Probéieren et iwwert Bluetooth an Kabel.
@Georges Jentgen
Daat stemmt net ganz. Du muss d’selvescht virgoen wéi zu letzebuerg. ech hun zB telering an kruet daat haut awer un d’laafen nodems ech déi richteg mobileconfig. file fond hun.
Do geet daat dann ivert d’normal ofrechnung, wannste en web package hues.
@Tom
Muss mir daat nach eemol ukucken. Iwwert den Web bei Orange.at steet mol dass et en speziellen Package gett fir den Tethering. Vleit gett et awa en Workaround. Mee vue que dass ech den Tethering lo net wirklech brauch testen ech daat reicht wann ech mei Zeit fir ze spillen hun
Lo grad nach eng kéier iwer Telefon vun LuxGsm Konfirmatioun kritt dass bei hinnen keen Probleem as fir den Tethering ze aktivéiren, daat leeft iwert déi normal Flatrate vum Abo!
Also nix Extrakosten!
Wat bei dem ganzen interessant wärt gin as “wéi” elo gekukt get op een “illegal” Tethered oder nett.
As eng visit op benm.at schon beweis genuch?
Den http useragent ass !Safari_Mobile busted?
Et wärt wuel interessant gin esoubal méi Léit den Tether feature benetzen.
Geet dat net och mat all anerem UMTS-Fähegen Handy? Ech hat emmer geduecht dat wier en Standardfeature vun deenen Denger. Ech kann mech mol erenneren daß ech dat emmer mat GPRS gemach hat..
Ass dat also just beim I-Phone esou en Probleem oder bei hinnen alleguerten?
Un sech kenne déi mécht UMTS Phones “Tetheren” Apple brengt et dann färdeg daat als “néiegkeet” ze bréngen, an d’operateuren dann de Léit d’Geld aus de Täsch ze zéien.
Un sech ass et dämlech well wann ee seng SIM Card an ee Huawei e220 stëcht dann huet ee jo och Internet an et gesäit aus wei wann een “Tethere” géif.
E220 – http://www.huawei.com/mobileweb/en/products/view.do?id=282
Allerdengs kann et elo sin dass et eng Klausel an dengem Vertrag gëtt.
à la:
“Du bass ILLIMITé kanns alles maachen *”
* ausser deng sim card an eppes aaneschtes stiechen wei däin Phone, keen p2p, keng grouss downloads, nemmen e-mail vun eise Server….
Orange.fr ass do ee super Beispill, Forfait illimité
http://mobile.orange.fr/content/ge/high/v2_offre_boutique/offre/internet_everywhere/fie_avec_engagement.html
Lies emol dat klengt gedrecktend…
Als “Neiegkeet” mat neier Software, well souvill Leit et wollten, jo. Kloer hätte se et kënnen (am fong scho mussen) vun Ufank u mat drann maachen, mee dass se iwwerhaapt op d’ Wënsch agi vun de Leit ass ganz gutt, a besser wéi vill anerer. Dass d’ Provideren duerno d’Leit wëllen ofzocken an dofir extra kasséieren, domat huet jo eigentlech weder Apple nach iPhone eppes domat ze dinn, just erëm typesch Geldmacherei vun verschiddenen déi d’ Leit fir domm wëlle verkafen.
@Steve: Dat ass net nëmmen bei orange esou, LuxGSM, VOX an Tango hun och kleng gedréckten Beräicher
Et misst op manst all Smartphone hautesdags dat kënnen.
Hunn mer gëscht en neien Macbook Pro kaaf, main éischten Mac iwwerhaapt, an probéiert den Tethering un d’goen ze kréien, leider hunn ech natirlech missen feststellen dass all di Fonktiounen nemmen bei den amerikaneschen Operateuren fonktionneiren…bis ech deen hei Post fonnt hun
Lo geet et! Merci
Tethering mat 3.1 –
Leider funktionnéiert Tethering net mei mat der néitster iPhone versioun (3.1)
esouguer nodeems een mam Safari op: http://benm.at/help alles agestallt huet, reboot huet, geet et nett.
Ausserdeem ass Jail Breaken och nach problematescht (et sei denn et kennt een den Musclenerd)
Op alle fall fir rookies ass daat nix
Falls een awer Tethered enner 3.1 (well anscheinend geet et bei e puer ausnahmen)
Soot bescheed wei der et gemeet hut.
An der Hoffnung dass den 25.09.2009 d’versioun 3.1.1 besser ausfällt