Home > Howtos, Programméirung, Software, Web > Adobe Flex – Internet Applikatiounen am Flash

Adobe Flex – Internet Applikatiounen am Flash

Zenter en puer Méint schaffen ech lo haaptsächlech mat Adobe Flex. An enger Rei Artikelen well ech gär meng Erfahrungen publizéieren an an en Abléck do dran ginn wat Flex ass an wei Flex meng Art an Weis Internet Applikatiounen ze developpéieren changéiert huet.

Fir unzefänken well ech an dësem klengen Artikel kuerz erklären wat Adobe Flex ass an weieng Virdeeler dat Schaffen mat der Flash Plattform huet.

Wei grad gesot ass Flex en Bestanddeel vun der Flash Plattform. Am Detail ass Flex just en Open Source ActionScript Framework deen et engem Entwéckler erlaabt Applikatiounen ze schreiwen déi am Flash Player lafen oder mat der Adobe Air Runtime um Computer ugewisen ginn.

Doduerch dass dës programméiert Applikatiounen am Flash Player lafen huet een direkt eng Rei vun Virdeeler:

  • 97% vun all Computer am Internet huet den Flash Player installéiert
  • Och op GSM, PDA an mëttlerweil SetTop-Boxen
  • Multimediafäheg (Video, Biller, Sound, etc…)

Dat bedeit dass een seng Applikatioun engem groussen Public kann ouni Problemer ubidden. Nach een, menger Meenung, wichtegen Virdeel dobäi ass:

  • Applikatioun gesäit op all Computer, an all Browser, selwecht aus!

Fir elo esou eng Applikatioun ze programméieren brauch een, wei vill Leit et falsch verstinn, keen Flash Animateur ze sinn. Fir eng Flex Applikatioun ze schreiwen muss een ActionScript an MXML verstoen. Dobäi ass ActionScript genau wei JavaScript eng vum ECMAScript oofgeleedten Skript-Sprooch.

ActionScript ass eng Objektorienteiert Sprooch déi engem Entwéckler vill Fräiheeten ginn an et erlaben komplex an effektiv Design Patterns ze implementéieren.

Zousätzlech zum ActionScript huet Adobe eng Markup-Sprooch implementéiert woumadder een ActionScript-Objeten einfach wei HTML kann definéieren. Esou kennt dat Entwéckelen am Flex dem Webentwéckler ganz bekannt fir.

Hei en klengt Beispill wei een am Flex eng ComboBox definéiert:

<mx:ComboBox id=”Combo>

<mx:dataProvider>

<mx:Array>

<mx:String>Select 1</mx:String>

<mx:String>Select 2</mx:String>

<mx:String>Select 3</mx:String>

</mx:Array>

</mx:dataProvider>

</mx:ComboBox>

Dest Beispill ass am MXML geschriwwen. Dat ganzt als ActionScript gierf esou ausgesinn:

var ArrayCombo : Array = new Array(‘Select 1′, ‘Select 2′, ‘Select 3′);

var Combo : ComboBox = new ComboBox();

Combo.dataProvider = ArrayCombo;

Et ass am Flex also méiglech seng visuell Komponenter entweder mat MXML oder ActionScript ze definéieren. Den Flex Compiler schreift awer alles wat MXML ass zréck an ActionScript. Also ass MXML just eng kleng Hëllef fir den visuellen Layout méi einfach an strukturéiert ze definéieren.

Aner wichteg an interessant Funktiounen an Features vun Flex sinn zB d’ Méiglechkeet Variabelen tëschent eenzel Komponenten ze verknüpfen déi sech ouni extra Code à jour halen kennen. Beispillsweis kann en Text changéiert ginn an all Komponent déi dësen Text uweist kritt déi Changementer direkt mat. Dat sougenannten „Binding“ ass en fundamentalen Feature am Flex deen, soubal verstanen net méi ignoréiert kann ginn.

Fir elo mat Adobe Flex ze starten brauch een net vill. Wann een et well maachen ouni Suen ze investéieren, dann geet et duer den Open Source Flex Compiler erof ze lueden an säin MXML/ActionScript am Notepad schreiwen. Oder et luet een sech den Adobe Flex Builder 3 erof. Deen baséiert op Eclipse an bitt all Virdeeler déi een vun enger gudder IDE erwuard. Déi drëtt Optioun ass den Flex 3 Plugin fir Eclipse. Den Flash Builder 3 an den Plugin fir Eclipse ginn et als Demoversioun (30 Deeg).

Ech hoffen an deenen nächsten Artikelen puer Beispiller oder Problemer unzeschwätzen an am Detail kleng Projeten virzestellen fir no ze programméieren.

Link: Adobe Flex – http://www.adobe.com/flex

  1. June 24th, 2009 at 14:34 | #1

    Nice, och wann ech net sou den Adobe-Fan sinn. ;-)

  2. Bartek
    June 24th, 2009 at 17:49 | #2

    Salut,

    Bindings sinn interessant, gëtt et dann och eng Infrastruktur fir mei normal Signaler dei een u vill callbacks gläichzäiteg koppele kann, oder muss ee vir d’eischt nach eng Signalbibliotheik implementeieren?

    Ass ActionScript mam typing esou lax wei JavaScript oder kann ee sech drop verloossen dass den interpreter virun der Laafzäit preifft dass Objekter och daat kënnen (resp. deen typ hun) dee vun den uwendenden Funktiounen verlaangt gëtt? (eng Funktionaliteit dei ech am C++ immens schätzen an a villen interpreteierte Sprooche vermëssen)

    Multiple inheritance? Polymorphismus? Templates (oder ähnleches)?

    Wei ass et mat der Syntax, ass dei och esou variabel wei am JS oder mei strikt? (emsou mei strikt em sou besser fannen ech, mee daat ass wuel affaire de goũt…)

    Froën iwwer Froën :)

  3. June 24th, 2009 at 19:26 | #3

    @Claude: Ech muss leider zouginn dass ech seitdem ech mat Flex schaffen och en klengen Fan vun Adobe gin sin. Ufanks hun ech emmer geduet se kaafen all gudd Technologie op an brengen se ennert ierem Numm raus. Siehe M$ ;) Mee mengen daat machen se jo all…

    @Bartek: ActionScript ass mei eng strickt Sprooch. All Variabel an sein Typ muss/sollt defineiert sin. Och d’Resultat vun Funktiounen. Et kann een dem Compiler zwar och soen dass et him egal soll sin. Standardmeisseg ass den Compiler awa strikt agestallt. Polymorphismus, Multiple Inheritance (mat bessen Tricksen) an och Templates gin ennerstetzt. OOP-méisseg ass AS3 eng vun denen stärksten Skript-Sprochen fir den Web.

  4. Bartek
    June 25th, 2009 at 13:14 | #4

    @Georges Jentgen
    Merci fir d’Äntwert. Daat (an d’Lizensbedéngungen) muss ech mer mol méi genee ukucken.

  5. June 25th, 2009 at 13:31 | #5

    @Bartek Ass gaer geschitt :) Lizenbedéngungen vun Flex? Fir?

  6. Bartek
    June 25th, 2009 at 13:58 | #6

    @Georges Jentgen
    Ech experimenteieren am Moment ganz vill mat Clutter (canvas Bibliothéik dei z.B. am Moblin user interface verwend gëtt). Vu dass Flex sou gutt mat flash zesummeschafft a sech esou wonnerbar vir OOP eegent, wier et denkbar ganz gutt bindings vir Clutter ze erstellen an esou héich visuell (a GL-beschleunegt) user interfaces ouni d’flash bagage ze schreiwen.

  7. June 25th, 2009 at 14:07 | #7

    @Bartek Opgepasst: Flex ass en Framework vun Adobe deen 100% op ActionScript baseiert. AS3 ass also dei Sprooch dei des OOP-fonctionalitéit huet. Flex ass juste en “Produit” souzesoen :)

  8. Bartek
    June 25th, 2009 at 14:27 | #8

    Ah, OK, verstinn. Merci. Wéi gesäit et da mat AS aus, existéiert dofir en open-source Interpreter? Eng kuerz Sich huet näicht ervirbruecht mee villäicht wees Du jo dozou eppes? (lo oofgesinn vun GNash & co., mech interesseiert an deem Fall wierklech just AS)

  9. Bartek
    June 25th, 2009 at 14:29 | #9

    Ah, hun d’Äntwert scho fonnt :) http://www.swftools.org/ huet en: “AS3Compile A standalone ActionScript 3.0 compiler. Mostly compatible with Flex. “

  1. No trackbacks yet.