Home > Droit, International, Web > Sarkozy geet an déi zweet Ronn

Sarkozy geet an déi zweet Ronn

Obwuel entscheedend Deeler vum Gesetzesentworf “La Loi Hadopi” vum franséischen Verfassungsgeriicht fir ongülteg erklärt goufen, steiert sech den Herr Sarkozy relativ wéineg drun.

“Sur Hadopi, j’irai jusqu’au bout!”.

war een vun sengen “groussen” Sätz den 22 Juni zwëschen den Maueren am Schlass vun Versailles.

D’ Zeitung La Tribune huet haut den Virschlag deem dem Ministerrot virläit explizéiert:

  1. Geldstrof vun 1.500€ wann ob illegalem Wee Musek respektiv Filmer getosch ginn
  2. No enger Verwarnung kann d’ Geldstrof verduebelt ginn
  3. Spärung vum Internetzougank fir maximal 6 Méint

Sou an lo kennt dat Bescht: déi dräi Schrëtt déi lo hei uewen op gezielt goufen, zielen nëmmen dann wann een Drëtten dat vun engem sengem Internetzougang aus mécht, d.h. net den Inhaber selwer.

Ween nämlech selwer beim “illegalen” Filesharing ertappt gëtt, muss mat vill méi héijen Geldstrofen, Spärung vum Internetzougang an Fräiheetsstroff rechnen. Wann et no dem Här Sarkozy geet, soll dat ganzt nach den 20 Juli virun der Nationalversammlung veroofschidd ginn.

Wat allerdéngs nach intressant ass, ass, dass déi ehemolech Kulturministesch fir Réckschléi vum Gesetz gesuergt huet an dunn duerch een neien ersat gouf deen keen aneren als dem François Mitterand säin Neveu ass, nämlech den Frédéric Mitterrand.

LG,

J.

  1. June 25th, 2009 at 15:51 | #1

    I do not like. Hadopi ass bäh!

  1. No trackbacks yet.