HowTo: Wéi brécht een aus enger “Restricted Bash Shell” aus?
Eng restricted Bash Shell (RBS) ass näischt Annerstes wei eng Shell, déi an hiren Funktiounen ageschränkt gouf. Dëst get beispillsweis gemaach, fir verschiddenen User ob engem Server nëmmen Zougrëff ob vereenzelt Applikatiounen ze ginn. Deemno wéi se konfiguréiert ass kann een se zimlech einfach mat folgendem klengen Trick ëmgoen:
$ bash -r # Startet eng RBS $ cd / # Test ob mer och wierklech an an eiser "Beweegungsfraiheet" ageschränkt sinn $ vi # Start vum Text Editor vi # Folgendes aginn: # :set shell=/bin/bash # :shell $ cd / # Test ob mer aus gebrach sinn
LG,
J.
Interessant, mee just méiglech wann de site admin net méi wäit wéi seng deck Zéif kuckt.
Wann een engem user eng restricted bash dohinner sätzt, da kuckt een normalerweis och wat fir eng Programmer en ausféieren dierf.
Huele mer also un ech sätzen an der /etc/bash/bashrc folgenden alias:
“alias vim=’rvim’”
Da kann een am vim esouvill :shell antippe wéi ee well, et wärt just dat hei kommen:
“E145: Shell commands not allowed in rvim”
Dat selwecht gëllt fir Versich den normale vim ze starten:
“kwisatz@leto ~ $ exec `which vim`”
Wann elo een e Wee doraus fënnt… ech sinn oppe fir är Comments
@kwisatz
Doweinst hun ech jo geschriwen “Demno wéi” well dat Beispill uewen as jo strikten Minimum…
@Prometheus
hmm… stëmmt
@kwisatz
Ginn nach villäicht engkéier méi genau drop an.