Hakin9 – The hard core IT-Security Magazine
Serieux Magaziner iwwert IT-Security ginn et der leider net wéi Sand um Mier, dowéinst wollt ech dem Magazin Hakin9 hei een Post widmen well ech der Meenung sinn, dass si hier Aarbecht gutt meeschteren.

“Hakin9 as een hard core IT-Security Magazine.” sou d’Redaktioun. Et gëtt se ob Englesch, Italienesch, Fragezeiche, Däitsch, Spuenesch, Tschech an Polnesch. Se erschéngt 6 Mol am Joer, d.h. all 2 Méint eng nei Ausgab. Den Schwéierpunkt leit offensichtlech ob der IT-Security, Hacktivismus an GNU/Linux ginn awer net vergiess. Den Schwieregkeetsgrad kann variéieren, well d’Artikelen an 3 Graden agedeelt ginn: einfach, mëttel schwéier an schwéier. Et ginn och ëmmer Artikelen fir Einsteiger wat luewenswert as, well jiddereen Mol kleng ufänkt.
D’Ënnerdeelung ass zimlech statesch, just d’Unzuel vun den Artikelen an den eenzelen Beräicher ännert meeschtens:
- Intro
- Inhaltsverzeechnes
- CD Inhalt & CD
- Kuerznorichten
- Spezifescht Tool gëtt virgestallt
- Artikel – Fir Ufänger (~1-2)
- Artikel – Ugrëff (~1-3)
- Artikel – Oofwier (~1-3)
- Dateschutz Artikel
- Themen aus dem Hakin9 Forum
- Rezessiounen vun Bicher
- Interview (meeschtens mat Leit aus dem IT Beräich)
- Bericht an Zesummefaassung vun User iwwert verschidden Themen
- Emfeelenswäert Websäiten
- Emfeelenswäert Firmen
Wéi där feststellen kënnt ass vill dran fir 10,90€. Fir 49,00€ am Joer kann een sech se och abonneiren. D’Websäit ass haking.org an hannert folgendem Link kritt där gratis Artikelen aus den Magaziner erofzelueden. Am Downloadberäich ginn et allerdéngs och nach allerhand aner Saachen.
P.
Gut ze wessen! Merci fir deen Tip
An net ze vergiessen, http://phrack.org/ och ee ganz gudden Zine den sech em dei mei “advanced” Themen vun der IT Secherheet bekemmert.
Hallo, nach eng gut ressource fir zines’
https://www.hackerspace.lu/wiki/Infrastructure#Magazines
kloer wärte mer am HackerSpace all dei Zeitungen fir all eis Members zur verfügung stelle
Ausserdeem hun mer déi läschte gedréckten limitéierte Versioun vun der Phrack