Wéieng IDE ginn et fir PHP ze entwéckelen
Wann ee matt PHP ufängt mat Programméieren, mécht een dat oft mat engem “normalen” Editor, Notepad++, vläicht och hëllt een den Dreamweaver well vill Leit deen hunn, an direkt Syntax Coloring praktesch fannen. Wann een awer virdrun oder och spéider eppes programméiert wéi Java, C# asw, fängt een un mat engem IDE (Integrated Development Environment), deen wäit méi bidd wéi nëmmen Syntax Coloring. Als Beispill bidden dës d’ Méiglechkeet vun Auto-Complete, also dass während dem Tippen een virschléi gemaach kritt vun Funktiounen/Variablen asw, déi am Projet bestinn respektiv an der Programmatiounssprooch existéieren. Och eng “Outline” bidden se wou een Objeten gesäit mat hieren Methoden, Felder (Variablen), wat eng ganz aner Iwwersiicht ass wéi all eenzel Datei am Explorer, soubal een e méi grousse Projet huet ass dat vill méi praktesch. Dann stellt een sech d’ Fro ob et esou eppes fir PHP gëtt, wéi z.B. Eclipse fir Java oder Visual Studio fir C#. An jo, et ginn der, an dës hunn ech méi oder wéineger getest, an wëll se lo hei vergläichen.
Als éischt hu mer den Zend Studio, deen an Tëschenzäit op Eclipse baséiert. Erof ze lueden kritt een deen hei: http://www.zend.com/en/products/studio/ Leider kascht deen eppes, an net wéineg (ongeféier 300€, fir Studenten 60% manner). Ech hunn déi läscht Méint mat deem programméiert. Wann een en Projet lokal entwéckelt, funktionéiert en relativ gutt, ofgesinn dovun dass Auto-complete Virschléi kéinte méi séier sinn, an allgemeng wierkt en oft relativ lues. Wat ech allerdéngs och wichteg fannen, ass dass ee kann e Projet enzwech op engem FTP Account direkt entwéckelen, an do ass den Zend Studio leider ganz schwaach. Oft wann een en opmécht, kritt een e Feeler dass de Projet Viewer net kann geluede ginn duerch e Feeler mam Fannen vun der FTP Verbindung, an och den normalen Editor kann dann net geluede ginn. Wann een dann en nei start, an et funktionéiert dann vläicht, kann et ganz gutt sinn dass en immens lues ass, soubaal een ufängt mat Tippen, komme keng Buchstawen, an et dauert puer Sekonne bis se opdäuchen. Dat gëtt och net wierklech besser. Villes hunn ech probéiert fir dat alles an de Grëff ze kréien, an et ass einfach net méiglech, de Problem ass äusserdeem op Windows an um Mac opgetrueden, genee tselwecht. Den alen Zend Studio, deen nach net op Eclipse baséiert huet, ass och oft net eens gi mat FTP Connections, heinsto beim Späicheren vun der Datei huet et éiweg gelueden, dann sot en beemol e kéint net späicheren, egal wéi oft een duerno probéiert huet, woubäi et mat aneren Dateien awer geet. Dann ass en Duergernee ginn, an d’Resultat war dass en Datei um Server ganz eidel gemaach huet. Kee flotte Feature.
Dann gëtt et Aptana: http://www.aptana.com/ wat een als Stand-alone kritt, mee och als Eclipse Plugin. Huet eigentlech alles wat ee brauch, mee trotzdem erëm baséiert op Eclipse. Heimat hunn ech selwer net vill probéiert well ech léiwer, no de Problemer mam Zend Studio, léiwer eppes ganz anescht wollt fannen, ouni Eclipse.
An dann gëtt et Netbeans: http://www.netbeans.org/ wat och bekannt ass fir Java ze entwéckelen. Et kritt een Netbeans och just fir PHP ewell. Gesäit um Ufank vläicht ellen aus, an Syntax Coloring ass och net all ze flott, menger Meenung op alle Fall. Mee dat kann ee jo alles ëmstellen. Schaffen mat FTP Connections ass hei bëssen speziell. Als éischt erstellt een en neien PHP Projet, mat lokaler Source. Duerno geet een an d’Astellunge vum Projet, an et setzt een als Remote Connection dann en FTP Account bäi. (Iwwer “Manage” kann een do direkt all gespäichert FTP Connections managen) Et ass hei esou, dass Dateien all lokal gespäichert ginn, an dann erop geluede ginn, wat natierlech, verglach mam Zend Studio, de Virdeel huet dass een e lokalen Backup ëmmer huet, zu all Zäitpunkt. Dann kann ee selwer souguer wielen wéini Dateien erop geluede ginn, beim Späicheren direkt, während dem Proggen (“on the run”), an manuell wou een dann iwwer Riets-klick op Datei se selwer erop lued. Alleng dass een dat hei alles astelle kann, fannen ech immens praktesch. An dann während dem Programméieren, mierkt een dass en e gutt Stéck méi flësseg leeft wéi de Zend Studio, den Auto-complete ass immens schnell. Allgemeng hat ech bis elo nach keng Problemer domat, an hunn deen soumat och nach am Gebräuch.
Et gëtt och nach Komodo, mee dozou kann ech am Moment net vill soen well ech en ni gebräucht hunn.
All IDE hei ass fir Windows, Mac an Linux ze kréien.

NetBeans ass immens, benotzen ech och.
Ech benotzen bal bei allem de Proton vun http://www.meybohm.de/
Ass zwar just ë besseren Notepad, mee huet Syntaxhighlighting fir eng hellewull Sproochen.
Ech benotzen och Netbeans a si super zefridden domatt. Eclipse/Aptana war mer net stabel genuch. Ausserdeem bitt Netbeans en UML-Editor den och immens praktesch ass. An der nächster Netbeans-Versioun gëtt et dann och eng verbessert Ënnerstëtzung fir de Symfony-Framework mat dem ech vill schaffen.
Hun fir main Ofschlossprojet och mat Netbeans geschafft, am groussen ganzen och ganz zefridden och wann et net perfekt as. Mee eppes besseres haat ech dee Moment och net fond
NetBeans gefält mer och ganz gutt, benotzen et ënnerenaner och fir C.
Mhhh, vim kann daat och alles. Ass lightweight, kann en ganz vill anstellen, an wann en well direkt um Server schaffen domadder dann kann en jo sein Dossier mat sshfs local mounten.
Auto-Complete kann en am vim och fir dei Leit dei mengen Variabel mussen wei Java Methoden ze nennen, naemlech iwert 4 Seiten am Camelcase…
Eng IDE ass vill ze schweifaelleg fannen ech, an weis du richteg soos, vill ze lues, onstabel asw.
Also ech benotzen baal emmer Eclipse. Fir genee ze sin huelen ech emmer dei Flex IDE vun Adobe an lueden nach SVN an PHP als Plugin eran (waat Eclipse fir PHP jo souweisou ass). Daat ass usech eng gudd Kombinatioun dei bei mir och immens stabil leeft.
FTP hun ech freier och emmer benotzt beim Zend IDE an jo, Eclipse kann net gescheit FTP
Dofir kann een awa och Filesystem mat SSH am Eclipse mounten. Daat geet net wirklech vill besser, mee bessi mei stabil op jiddefall.
Eclipse gett vleit oft zimmlech schweierfälleg soual een alles voll mat Plugins huet. Dofir ass et besser den Stand-Alone Eclipse rof ze lueden an nemmen eenzel Plugins installeiert. Domadder hun ech emmer gudd Erfahrungen gemeet.
An wann een Versioneirung hellt, dann brauch een sech keng grouss Gedanken ze machen dass eng IDE seng Fichieren futti mecht
Wei hei einfach jiddereen unsech gutt iwwert Netbeans schwätzt , deem kann ech mech nëmmen uschléissen. Ech hunn NetBeans ëmmer benotzt an benotzen et och nach zwëschen duerch. Mais ech schaffen de Moment haaptsächlech mat engem “costumiseierten” gEdit ( d.h gEdit + Plugins ) .. deen ech e bësselchen à la Textmate ausgesinn loossen. Waat ech do bemängelen ass unsech just dass et beim gEdit keen standalone FTP Plugin gëtt … wou awer de filebrowser sech ganz nëtzlech mecht an do baal en ganzt “FTP Plugin” duerstellt. En ass zwar e besselchen lues wann ech iwwert den FTP fueren mais domatten kann ech liewen. Zum Zend Studio … unsech flotten IDE .. cross plattform …alles mat dran waat een brauch , besonnesch dei nei versioun ( 7.0 ) mecht schon anstännegen php 5.3 Support
Eng IDE déi hei awer net erwennt gouf … awer och ganz flott ass , wier den “PHPDesigner” … meng Standart IDE wann ech mol enker ënner Windows schaffen ( waat seelen ass ). Leist sech och unsech ganz propper per Wine emuleiren. Huet alles huet en PHP Entweckler brauch an ass séier. Se kascht zwar eppes … mais daat ass wuel de klengsten Problem well den Prais leit maximal emt 50 euro. Ech haat mer virun e puer joer eng kaaft. Wou ech unlimited updates ( major & minor ) versions upgrades kréien … an daat geet ganz gutt
@Charel
Mee un der Saach mam Prais + Updates do kéint Zend sech e Beispill drun huelen, do huet een nämlech mat eng Kéier 300€ just 1 Joer laang Recht op Updates, och wann een et onendlech benotzen kann.
Jo ech kennen PHPDesigner, mee ech wollt hei just iwwer IDE’en schwetzen déi ee fir déi 3 Haapt-Systemer kritt, net just fir een dofun
ahjo waat nach zu Zend ze soen ass … ech haat desläscht keng zedinn … an hunn mol mat deen en telefoneiert … seit Versioun 7.0 get et keng Studenten Versioun mei fir 100 euro … d Zend Technologies hunn daat agestallt wei se mir laang a breet op enger deirer hotline erklärt hunn.
Bon dozou soen ech just: egal wat … Nach e Grond méi en aneren IDE wéi Zend ze gebrauchen. Merci fir d’Info!