Apple: Snow Leopard – eng mini kleng Verbesserung
Säit dem 28.8. kritt een Snow Leopard, en Update fir Leopard ze kafen. Alles an allem sinn d’Updates virun allem ënnert der Hauf geschitt, d.h. grafesch ass net sou vill Ënnerscheed ze gesinn, en ass awer e gutt Stéck méi séier, a villen Hisiichten asw. Doriwwer kann een awer genuch noliesen um Internet. Eppes wat mir opgefall ass, eppes wat warscheinlech normal User komplett ignoréieren an ech awer wichteg fannen, ass dass och Apple, genee wéi et an de Linux Distributiounen schonn standard ass, endlech Bytes richteg ëmrechent an KB/MB/GB/TB. Et stëmmt nämlech NET dass 1KB = 1024Byte, well K steet jo hei fir kilo, wat 1000 bedeit, d.h. soulaang dës standard Bezeechnungen wéi Kilo, Mega, Giga, Tera gebraucht ginn, muss och streng gesinn mat 1000 gerechent ginn, net mat 1024 (mathematesch: Mat 10er Potenzen, net mat 2er Potenzen). An dat weist den Snow Leo och richteg un elo, well meng Tera-Disken ginn als 1TB ugewisen, net wéi virdrun iergendeppes an déi 900GB. Wann d’Zuelen sou wéi virdrun sollten ugewise ginn misst net hannendru stoen GB mee GiB.
Zu dem ganzen Thema kann een hei méi liesen: http://en.wikipedia.org/wiki/Binary_prefix

Recent Comments