Home > Apple, Software > Apple: Snow Leopard – eng mini kleng Verbesserung

Apple: Snow Leopard – eng mini kleng Verbesserung

Säit dem 28.8. kritt een Snow Leopard, en Update fir Leopard ze kafen. Alles an allem sinn d’Updates virun allem ënnert der Hauf geschitt, d.h. grafesch ass net sou vill Ënnerscheed ze gesinn, en ass awer e gutt Stéck méi séier, a villen Hisiichten asw. Doriwwer kann een awer genuch noliesen um Internet. Eppes wat mir opgefall ass, eppes wat warscheinlech normal User komplett ignoréieren an ech awer wichteg fannen, ass dass och Apple, genee wéi et an de Linux Distributiounen schonn standard ass, endlech Bytes richteg ëmrechent an KB/MB/GB/TB. Et stëmmt nämlech NET dass 1KB = 1024Byte, well K steet jo hei fir kilo, wat 1000 bedeit, d.h. soulaang dës standard Bezeechnungen wéi Kilo, Mega, Giga, Tera gebraucht ginn, muss och streng gesinn mat 1000 gerechent ginn, net mat 1024 (mathematesch: Mat 10er Potenzen, net mat 2er Potenzen). An dat weist den Snow Leo och richteg un elo, well meng Tera-Disken ginn als 1TB ugewisen, net wéi virdrun iergendeppes an déi 900GB. Wann d’Zuelen sou wéi virdrun sollten ugewise ginn misst net hannendru stoen GB mee GiB.

Zu dem ganzen Thema kann een hei méi liesen: http://en.wikipedia.org/wiki/Binary_prefix

Categories: Apple, Software Tags:
  1. August 31st, 2009 at 07:47 | #1

    Ha, dat ass eppes wat Windows ni wäert hikréien. ;-)

  2. DamnedFreak
    September 8th, 2009 at 14:48 | #2

    Weisou net hikreien?
    Daat huet, denken ech, relativ weineg domadder ze din op Microsoft daat hikritt oder net, emmerhin trauen ech hinnen trotz allem zou e puer Zeilen Code ze aenneren sou dass d’Greisstenuerdnungen korrekt ugewand gin.

    Et waert mei dorunner leien, dass dei gesammelt Industrie inklusiv Konsumenten sait Jorzengten dei falsch Indikatiounen benotzen an et den Leit net ganz geheier ass, daat elo beemol aanescht ze maan.

    Ech sin gespaant wei sech daat an Zukunft entweckelt, hun den Moien nach een aaneren Post doriwwer gelies: http://blogs.techrepublic.com.com/window-on-windows/?p=1511&tag=nl.e102

  3. September 9th, 2009 at 00:03 | #3

    @DamnedFreak
    Interessante Link, merci dofir.

  4. September 9th, 2009 at 04:02 | #4

    @DamnedFreak
    Hikréien muss net onbedéngt technesch gemengt sinn, dass se déi puer Zeilen Code fäerdeg bréngen ass mer schon bewosst, mä op se an der Lag sinn dat elo nach z’implementéieren oder ob et hinnen einfach egal ass/sech net trauen, dat hat ech amfong gemengt. Apple huet jo vun falschen Donnéeën op déi richteg geswitched, an dat wäert Mickeysoft menger Meenung no net méi hikréien. Si bleiwen léiwer bei hirem verkorksten System.

  1. No trackbacks yet.