Cactuskaart – Suite 2
De Michel (spellchecker.lu) huet sech, nodeems dass och schonn den Nekel als Kommentar beim éischten Post geschriwwen hat dass et sech wuel em en EAN-13 Barcode handelt, bëssen méi domat ausernee gesat fir sech déi Saach un ze kucken. An et ass him och gelongen, well déi läscht Ziffer ass eng Art Checksum vun deenen 12 éischten. Anescht gesot fënnt een déi eraus wann een déi aner huet – leider heescht dat, dass et fir e Programméirer nach manner Aarbecht ass fir all Zuelen duerch ze goen.
Hei ass e Wee wéi der et selwer testen kënnt: Maacht en Spreadsheet am Openoffice op an gidd an d’Feld M1 dës Formel an:
=CEILING((B1+D1+F1+H1+J1+L1)*3+(A1+C1+E1+G1+I1+K1);10)-((B1+D1+F1+H1+J1+L1)*3+(A1+C1+E1+G1+I1+K1))
An duerno gidd der an d’ Felder A1 bis L1 déi éischt 12 Zifferen un. Nodeems der am L1 déi 12. aginn hudd, gesidd der déi läscht dann automatesch.
Fir méi Detailer iwwert dee Barcode kënnt der z.B. nach hei weiderliesen: http://www.makebarcode.com/specs/ean_13.html

Open Office ( 3,0 ) seet : Error 508 beim ausfeiren vun der zeil
@Charel: Hunn et just mat OOo 3.1 getest.
Hmm, de Cactus-login schéngt net méi ze fonktionéieren. Do wärt wuel een eppes gemierkt hun.
@pa Ech hat hinnen jo och eng Mail geschriwwen, wéi ech et sot bei der éischter Suite …