Home > Lëtzebuerg, Sécherheet, Web > Cactuskaart – Suite 3

Cactuskaart – Suite 3

De Cactus huet d’ Funktioun elo erëm online gesat:

http://www.cactus.lu/page.asp?id=1139&langue=1

Allerdings gesäit een elo nach nëmmen d’ Punktenzuel. Keng perséinlech Donnéeën, an et kann och näischt änneren. Domat ass den CNPD (Contre national pour la protection des données) averstan, an et ass jo och eigentlech eng gutt Léisung. Et kann een zwar dann ëmmer nach sech aloggen mat engem anerer senger Nummer, mä alles wat ee gesäit ass eng Punktenzuel, woumat een Friemen näischt ufänke kann.

  1. October 16th, 2009 at 11:42 | #1

    Immens geléist. :b

  2. October 16th, 2009 at 11:49 | #2

    Ech mengen vill méi konnte se net maachen :) An dass ee seng Punktenzuel kucke kann ass jo ëmmer nach awer praktesch, muss ee schonn zouginn :)

  3. October 16th, 2009 at 11:57 | #3

    Den Cactus keint awer dann och Passwurd einfach ewech loosen, eseu dass en nemmen seng Nummer muss angin. Well eseu geseit et fir den “normalen” user aus wei wann et secher wir!

  4. Gogo
    October 16th, 2009 at 13:08 | #4

    daat ass eng gudd Leisung, top um Ball bliwwen Johny

    do kinnt glaad een Marc Thoma néideg gin

    top

  5. mAcfreAk
    October 16th, 2009 at 14:25 | #5

    …an daat alles och nach ouni https (wei secure)…deem seng IT Leit missten mol nees an eng formatioun goen, wei?
    Datenschutz sux hei am Land !!!!!

  6. Caramba
    October 16th, 2009 at 16:01 | #6

    Ech hu léiwer de Cactus weess ob ech villl oder wéineg kaafen wi de Papa Staat spionéiert mer an der Groussgaass mat Kameraen no, kontrolléiert meng Handy a mail-Verbindungen asw.. Dat hei as peanuts e menger Meenung no just eng Hetzcompagne géint de Cactus

  7. October 16th, 2009 at 18:49 | #7

    @Caramba
    wéi ech schon zu dengem aneren Kommentar sot: Et geet hei net drëm dass privat Donnéeën gesammelt ginn! Déi huet jo all Client selwer uginn, mee et geet drëm dass all Hobbyinformatiker hei e liicht Spill huet fir un déi Donnéeën ze kommen, also e puer Leit méi wéi nëmmen de Cactus. Du hues leider net verstan ëm wat et geet. An et ass och keng Hetzcampagne géint de Cactus soss hätt ech hinne sécher net selwer Bescheed gesot dass hei sou een Sécherheetslach besteet.

  8. October 16th, 2009 at 19:57 | #8

    @Caramba
    Wéi den Johny soot, dat hei war net géint de Cactus, mä fir de Cactus.
    Ech gesinn och net wou dat hei soll eng Hätzkampagne sinn. Wou gouf dann hei gehätzt, gouf dach just iwwer e Sécherheetsproblem opgeklärt.

    De Feler läit kloër bäim ISP vum Cactus an net bäi de Leit déi iwwer esou Saachen opklären.

  9. November 19th, 2009 at 15:57 | #9

    Sou lo wësst der och wat een hätt kenn stiichten mat deene Punkten:
    Gratis Telefonéieren ;-)

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/57794/cactus-startet-mobilfunk-angebot.php

  1. October 16th, 2009 at 11:31 | #1