Home > Hardware, International, Mobil, Web > WikiReader – D’Wëssen vun der Welt an der Täsch

WikiReader – D’Wëssen vun der Welt an der Täsch

WikiReader_-_Logo_Small

Ech kann mech erënneren, dass ech nach bis ob 7ième méi oft an Bicher Saachen nogesicht hunn wei am Internet – loung wahrscheinlech dorunner dass d’Léierin an d’Proffen an der analoger Welt stoen bliwwen sinn. Wann ech awer Doheem wuar as den PC ugeheit ginn an dann gouf dorobber nogefuerscht. Haut sinn mär do ukomm, dass déi meeschten Teenager Saachen am World Wide Web nosichen, bzw. fir een ganzt spezifesch d’Beispill ze ginn: sie froen ganz einfach d’Wiki.

D’Wiki (Wikipedia) ass eng fräi Encyclopedie déi all Mënsch zu Verfügung steet. D’Wiki enthält méi wéi 3.000.000 Artikelen an ass domadder déi wahrscheinlechst gréissten Wëssensdatenbank ob der Welt. Obwuel hiren Ruff ëmstridden ass, ass et déi meescht benotzen Encyclopedie ob der Welt.

An Stell vun décken Bicher ze koafen oder duerch d’Géigend ze schleefen (Schülerinnen & Schüler) oder sech regelméisseg déi aktuellsten Encyclopedien ze koafen as dann sou eng virtuell Encyclopedie vun Virdeel. D’Wëssen stänneg bei sech an der Täsch ze hunn ouni nach extra Verbindungskäschten bezuelen ze mussen wuaren 2 Motivatiounen wisou d’Entwéckler vun WikiReader dësen Project gestart hun.

WikiReader as een klengen Device, deen mat 2 AAA Batterien 12 Méint laang kann bedriwwen ginn. Selectionéiert an gescrollt get mat Hëllef vun den Fangeren iwert een Touchscreen deen schwarz-weiss as an keng Hannergrondbeliichtung huet. 3 Knäppercher ënnert dem Display ronnen den WikiReader dann an der Usability oof: Search as fir d’Sich vun engem Artikel ; History weist beréits gesichten Artikelen un & Random proposeiert engem een durch Zoufall genereierten Artikel fir ze liesen. Virun allem ass et praktesch fir Kanner oder eeler Persounen, well kleng Kanner ganz oft net alleng ob den Internet däerfen an eeler Leit keen Computer an Internet hunn. Allerdings hätt een den WikiReader mat engem Fuarwdisplay an Hannergrondbeliichtung ausstatten kennen, well wann d’Foto’en – wann der firhanden sinn – an all schwarz-weiss sinn ass dat net dat Gielt vum Ee.  D’Wikipedia Archiver (4-8 GB) sinn ob enger SD Kaart gespäichert déi ënnert den 2 Batterien agestach gëtt. Aktualiséierung vun den Archiver kann een sech entweder Heem schécken loosen (SD Kaart) oder sech se downloaden an dann selwer ob d’Kaart kopéieren.

Den WikiReader gëtt et fir 99$ bei Amazon ze koafen.

Allem an allem eng flott Saach fir Leit déi keen stännegen Zougrëff ob d’Wikipedia iwwert een Computer hunn.

Weider Informatiounen

  1. October 16th, 2009 at 18:27 | #1

    Dem Wiki sein greisten Virdeel ass zu gleich och sein greisten Problem: Et kann jidderen Artiklen verbesseren. Wiki probeiert zwar en bessen ze kontroleiren mee wei soll dat bei iwert 3.000.000 Artiklen goen.

    Och Wiki ass keng 100% secher Quell. Doweinst sollt en all Informatieunen dei en brauch, mei wei nemmen ob enger Internetseit preifen.

  2. October 16th, 2009 at 19:11 | #2

    Den Styl vum zweeten Paragraf géif och gudd op Wikipedia passen. Verallgemengerungen ouni Referenzen.

    Wat ech mech beim Gerät froen as wat fir eng Zielgrupp ugeschwat soll gin. “[E]eler Leit [déi] keen Computer an Internet hun” sin a mengen Aan net déi Zielgrupp déi sou en Appart enger Pabeier-Enzyklopädie virzéie géifen. Kanner déi net eleng op den Internet dierfen wuessen och vläicht an engem relativ technologiescheien Haushalt op, oder opmannst an engem an deem d’Elteren hir Kanner net wëllen oder kënnen iwwer d’Geforen vum Internet opklären.
    Déi Leit wou méi um Internet ënnerwee sin (also géif ech mol behapten den Groussdeel vun den Lieser vun dësem Blog) wärten sech vun engem Apparat deen se nëmmen op Wikipedia zougräife léisst ageschränkt fillen.
    Déi Leit déi dann keen stännegen Zougrëff op Wikipedia oder den Internet hun hun sech entweder schon eng aner Manéier gesicht fir ze Recherchéieren, oder den Apparat wärt se kaal loossen.

  3. October 17th, 2009 at 19:32 | #3

    Duerfir ginn et dach mëttlerweil Smartphones, nee? ;-)
    Ech géing soen dat do verleeft sou am Sand wéi Amazon hiren E-Book Reader.

  1. No trackbacks yet.