Samsung SSD awesomeness
Dëse Video weist wat ee ka maachen mat Solid State Disken. Eigentlech sollten se Reklamm fir d’ SSDen maachen, an dun hat hieren Informatiker eng genial Idee: De Maximum vun SSD’en huelen an Raid draus maachen, fir dann ze weisen op wat fir eng Vitess ee ka kommen an wat domat herno méiglech ass am Betriebssystem. Hei ass de ganze Video:
An fir déi déi Détailer wëlle wëssen mee zum Schluss vum Video net wëllen all hallef Sekonn pausen, sin hei Screenshots vun all dem wat se do weisen nach:










Also daat ganzt fannen ech zwar cool, mee et hätt missen enner Linux laafen… deen Moment wou hien seet hien mus nach Windows Updaten aspillen fir besser Performance raus ze schloen fannen ech schon “schued”
Mee cool! Erennert mech un den USB-Stick Raid vun… wees nemmei…
Ech hat mer fir demnächst ën SSD unzeschaafen. Ech hun awer och gelies, datt së am Moment ach zimlech vun hiren Controllerchipen gingen ausgebremst gin. Anscheinend wiren di béscht do nach déi vun Intel. Weess do ee méi, ob dat am Moment séch ging lounen oder geschwënn eppes Neies raus kënnt?
@Georges Jentgen
Du mengs sécher deen heiten Link, ech hat dat virun engem Joer gebloggt.