Home > Software, Web > De Gebräuch vu Webmailer

De Gebräuch vu Webmailer

Dat ass soll net esou en Présentatiouns-Post sinn, mee éischter een fir ze diskutéieren, ähnlech wéi den HTML-Mail Post.

Quasi jiddereen weess wat e Webmail ass, huet och sécher schonn op manst eng Kéier ee gebräucht. Se hu Virdeeler an Nodeeler, wéi eigentlech alles. Virdeeler: Et kënnt ee vun iwwerall op seng E-Mailen, och vun anere Computeren. An vu dass se meeschtens IMAP gebrauchen kann een esou guer seng Ordnerstruktur am Mail-Client um Computer an am Webmail tselwecht hunn. Nodeel: Wann ee vill am Dag mat Maile schafft an vill verschiddenes mécht an schéckt (html Mailen, grouss attachments, asw …) dann ass en richtege Mail-Client eigentlech ëmmer nach besser well e méi séier ass an besser ze gebrauchen ass als eenzelne Programm. Als éischt wär et interessant ze wëssen: Notzt dir Webmail?

Wann jo, oft, fir sérieux domat ze schaffen, oder just fir heinsto kuerz E-Mailen liesen ze goën? An och virun allem nach: Wat fir een ass et?

Et ginn der vill, och vill déi gratis an Open-Source sinn. Dee wuel am einfachsten ze installéieren ass den Squirrelmail, ganz bekannt ass och nach den Horde, oder een deen vill op Ajax setzt ass z.B. den roundcube. Mat wat fir engem hudd dir Erfahrunge gemaach, an wéieng wiren dat?

GMail loosse mer mol ewech an der ganzer Diskussioun well dee ka jo och just bei Google agesat ginn.

Lo vum allgemenge fort méi zum techneschen:

Sou gesinn ass en Webmail näischt anescht wéi en ganz normale Mail-Client deen awer als Web-Applikatioun op engem Server leeft. Dëst huet fir den User och erëm verschidden Vir- an Nodeeler. Als Beispill just nëmmen: En Webmail muss net d’ IP vum User matschécken, well eigentlech ass d’ Server-IP wou en drop leeft déi déi matgeschéckt ka ginn. (Obwuel ofhängeg vum Mailserver déi och ni kann matgeschéckt ginn). En Nodeel ass, dass d’ Verbindung wou Daten fléissen am Browser erstalt gëtt, an wann ee gewinnt ass seng E-Mailen iwwert eng verschlësselt Verbindung ze schécken, dann sollt fir e Webmail schonn SSL zur Verfügung stoen – wat awer ganz oft net de Fall ass. Oder och fir eng E-Mail ganz ze verschlësselen mat engem eegenen private Key an dann de public key matzeschécken ass an Webmailen net drann (Op allefall bis lo kee sou fonnt).

An lo eng nach läscht Fro: Huet schonn een eng Kéier probéiert selwer een ze schreiwen? Déi Erfahrung(en) kéinten och ganz interessant sinn.

Categories: Software, Web Tags: , , ,
  1. May 1st, 2010 at 10:09 | #1

    Salut,

    also mir bidden eisen Clienten den Squirrel (würgh) an den Roundcube un. Mir gefällt den Roundcube besser. En geseit besser aus mee en fillt sech immens oofgespäckt un. Benotzen dei och net sou vill :)

    Am meeschten benotzen ech den Webmail von MobileMe. Als MobileMe-User ass mir IMAP schon net mei genuch. Ech brauch meng Kontakter, meng Kalenneren an meng Files iwwerall: MBP, iPhone an iwwer Web.

    Ech hun schon en Prototyp Imap Client am PHP geschriwwen gehaat. PHP bidd immens gudd Klassen fir mat IMAP ze schaffen. eMail liesen, schreiwen an Dossieren vorwalten ass domadder keng grouss Affaire. En ferdegen Webmail mat allen Funktionen ze hun ass dann awa en relativ groussen Projet :)

  2. May 1st, 2010 at 15:25 | #2

    Wat mäin eMail-Provider ubidd, a woumadder ech och ganz zefridde sinn ass d’Zimbra Collaboration Suite. Hei ass effektiv, wéi de Georges et seet, niewt de Mails och Contacts, Calendar a méi dran.

    Zimbra ass ähnlech wéi roundcube ee mat Ajax opgemotze Webclient. Et gët allerdengs och “zindus”, een Addon fir Thunderbird, deen d’Kontakter mat engem Zimbra a mat engem GMail Account synchroniséiert. Esou si meng Contacts a mengem Webmail, op mengem Thunderbird an op mengem HTC G1.

  3. kabel
    May 2nd, 2010 at 16:45 | #3

    “Oder och fir eng E-Mail ganz ze verschlësselen mat engem eegenen private Key an dann de public key matzeschécken ass an Webmailen net drann (Op allefall bis lo kee sou fonnt).”

    Ween wir och sou naiv sein private key op en Server ze uploaden. Sou eppes soll e schützen…

  4. May 2nd, 2010 at 17:16 | #4

    Ah dat hat ech effektiv vergiess. Fir PGP mat webmail ze benotzen, ganz egal wéieen, einfach de Firefox addon “FireGPG” installéieren.

  5. hardfalcon
    May 3rd, 2010 at 01:04 | #5

    Roundcube. Huet einfach daat beschten GUI, deen ech bis elo fonnt hun.
    Horde hun ech nie wierklech probéiert, Squirrelmail huet sech selwer disqualifizéiert:
    http://www.heise.de/security/meldung/Passwort-Module-von-SquirrelMail-infiltriert-749545.html

  6. May 3rd, 2010 at 21:47 | #6

    @Georges Jentgen Jo de Squirrel ass optesch schonn mol absolut 0 :) De roundcube mécht bei mir heinsto Problemer mam Login, muss dat nach bëssen testen. An stëmmt, fir en anstännegen webmail selwer ze schreiwen gëtt effektiv e gréissere Projet :)

    @Kwisatz Zimbra gesäit interessant aus. Mee hun ech net kannt bis elo

    @kabel :P

    @hardfalcon Horde ass den den och d’ Post asetzt.

    Merci alleguer fir Är Meenungen.

  7. June 3rd, 2010 at 23:11 | #7

    Nach eemol :)

    Horde ass wei ech et vorstanen hun zwar en fonktioneirenden Webmail. En ass awa och en Frsmework fit sech quasi en eegenen Webmail domadder ze bastlen.

    Zimbra huet och en Webmail, mee deen gierf ech net an dei Kategorie “Webmail” setzen. Zimbra ass jo eigentlech eng Collaboration Suite mat MX. Souzesoen en Open Source Exchange. An den OWA vun Exchange (wann een en mat IE op mecht) ass bei weitem nach den stärksten “Webmail” :)

    Ech muss zwar eierlech soen dass ech Webmail ongaer benotzen. Webmail kennt fir mech nemmen mat Exchange oder Zimbra an Froo. Fir Ennerwee huelen ech do leiwer mein iPhone ;)

  1. No trackbacks yet.