Home > Lëtzebuerg, Sécherheet, Web > Sécherheetsproblem am Webmail vun Internet.lu – Update

Sécherheetsproblem am Webmail vun Internet.lu – Update

Luxembourg Online huet e Mëttwoch Owend reagéiert op d’ E-Mail déi si op hiren Sécherheetsproblem opmierksam sollt maachen, eng Woch nodeems se geschéckt ginn ass. Se hunn geschriwwen dass se meng e-Mail serieux geholl hätten an an de läschten Deeg dat analyséiert hunn an och gekuckt wéi een et kéint léisen, an de Problem misst Donneschdes (17.6.) behuewe sinn am Laf vum Dag. Do hu se sech dru gehal, Donneschdes Owes war de Problem geléist. Hier laang Reaktiounszäit gëtt engem awer ze denken, d’ E-Mail déi se zréck geschriwwen hunn war an engem schlechte Lëtzebuergesch geschriwwen (TIPP: Spellchecker.lu ;) ), an wat nach méi witzeg ass: D’ E-Mail ass vun enger globaler Adress komm, an ouni Ënnerschrëft soudass mol net bekannt ass ween dann do iwwerhaapt geäntwert huet.

Den CNPD war awer an der Tëschenzäit och informéiert ginn, wou Dateschutzkommissioun sech dat nach wollt méi genee ukucken.

Resumé: Se hunn alt wéinstens et net ganz ignoréiert, dem Cactus seng Reaktioun virun e puer Méint war awer vill méi virbildlech an hunn trotz dem Feeler nach definitiv e serieux’en Androck hannerlooss mat hirer Reaktiounen (Souwuel Aktiounen zum Sécherheetslach wéi och an den E-Mailen déi se geschéckt hunn). An dobäi war de Feeler vum Cactus eiser Meenung no manner schlëmm wéi dësen, huet just méi Leit direkt betraff an war méi séier am Publikum ze verbreeden.

Categories: Lëtzebuerg, Sécherheet, Web Tags: ,
  1. June 18th, 2010 at 11:14 | #1

    Offtopic: Los eis Auslänner dach Lëtzebuergesch schreiwen wei mir wëllen ;)

    Zréck zum Thema: d’Reaktioun vun LOL ass effektiv bëssen onprofessionell. Op mannst en Numm oder en Kontakt hätt missen an der eMail stoen. Naja, Jickeclub!?!?!

    Haaptsach ass d’Lach lo gestopft an LOL-Clienten kennen berouegt sin dass *** (wien och ëmmer :) ) hier eMailen net méi liesen kennen…

  1. No trackbacks yet.