Wann een aktiv ass als Webmaster, gëtt ee fréier oder spéider, ob gewollt oder net, iergendwéi mam Droit konfrontéiert. Natierlech muss een dofir net Webmaster sinn, alleng d’ Fro ob an wéi Rechter vu Fotoen online behandelt musse ginn, oder ob d’ Erof lueden vun gerippte Filmer hei legal ass, bréngt een zum Nodenken. Oft komme Leit mat ganz komeschen Erklärungen mat hirer Opfaassung vun engem Gesetz, vergiessen dann awer erëm aner Aspekter an esou weider. Den Thierry Reisch, lëtzebuergesche Affekot, huet sech an de läschte Joeren mam Droit befaasst am Bezuch op Internet an allgemeng déi nei Kommunikatiounstechnologien, an doriwwer huet hien elo virun enger Zäit e Buch eraus bruecht. Et ass selbstverständlech op Franséisch, wat jo net ze vermeiden ass wéinst eise Gesetzer, an et ass och net ganz geschenkt, allerdéngs sinn et, menger Meenung no, gutt investéiert 53€.
Hei kann een et direkt online bestellen: Internet et les nouvelles technologies de la communication face au droit luxembourgeois
Ech hu mer et selwer och bestallt virun ongeféier 2 Wochen, hat awer bis elo nach net déi néideg Zäit fir vill dran ze liesen, zemools och well et eppes ass wou een 100% muss derbäi si mat de Gedanken wann een Saachen dran no sicht, soss huet et kee Wäert.
Et ass dat éischt Buch an dem Beräich iwwerhaapt, an ech si frou, dass een sech d’ Méi gemaach huet seng Recherchen an säi Wëssen a Form vun engem Buch fir Leit wéi eis zougänglech ze maachen.
Recent Comments