HTML an E-Mailen – fir Newsletter ganz vill gebraucht, fir net ze soen dass do quasi nëmmen nach HTML agesat gëtt. Mee och fir normal E-Mailen ze schécken gëtt ëmmer méi HTML agesat, zemools och fir Signaturen an ähnleches.
Lo wéilte mir mol vun iech all wëssen ob der HTML an den E-Mailen gutt fannt, oder ob der sot dass HTML do näischt ze sichen huet an just fir Websäiten soll gebraucht ginn. Dir kënnt riets ofstëmmen ënner “Polls”, an am beschten derbäi nach e klenge Kommentar hannerloossen fir är Meenung ze erklären. (Muss natierlech net sinn).

Ech kann mech erënneren, dass ech nach bis ob 7ième méi oft an Bicher Saachen nogesicht hunn wei am Internet – loung wahrscheinlech dorunner dass d’Léierin an d’Proffen an der analoger Welt stoen bliwwen sinn. Wann ech awer Doheem wuar as den PC ugeheit ginn an dann gouf dorobber nogefuerscht. Haut sinn mär do ukomm, dass déi meeschten Teenager Saachen am World Wide Web nosichen, bzw. fir een ganzt spezifesch d’Beispill ze ginn: sie froen ganz einfach d’Wiki. Read more…
Obwuel entscheedend Deeler vum Gesetzesentworf “La Loi Hadopi” vum franséischen Verfassungsgeriicht fir ongülteg erklärt goufen, steiert sech den Herr Sarkozy relativ wéineg drun.
“Sur Hadopi, j’irai jusqu’au bout!”.
war een vun sengen “groussen” Sätz den 22 Juni zwëschen den Maueren am Schlass vun Versailles.
Read more…
Laut News op heise.de vun virgëschter, gëtt de Windows 7 hei an der EU ouni den IE ausgeliwwert. D’ PC-Hiersteller kënnen zwar herno drop installéieren wat se wëllen vun Browser, also och IE, mä standardméisseg ass en net drop.
Och wann vill Informatiker net grad Microsoft-fan sinn, zemols Web-entwéckler déi den IE net ganz gäer hunn, kann ee sech froën ob dat de richtege Wee ass. En Betriibssystem ouni Browser (standardméisseg) ausliwweren, do feelt natierlech eppes. Dobäi bidd Microsoft ville vun deene Browser iwwerhaapt d’ Méiglechkeet ze bestoën, an dann gëtt deene selwer verbueden en komplette Package als Betriebssystem ze verkafen. Natierlech ass et méiglech, dass d’ PC-Hiersteller elo virum Verkaf all Firefox installéieren … mä ob dat wärt de Fall sinn, ass of ze waarden.
Recent Comments