Archive

Archive for the ‘Software’ Category

De Gebräuch vu Webmailer

May 1st, 2010 Johny G 7 comments
Dat ass soll net esou en Présentatiouns-Post sinn, mee éischter een fir ze diskutéieren, ähnlech wéi den HTML-Mail Post.

Quasi jiddereen weess wat e Webmail ass, huet och sécher schonn op manst eng Kéier ee gebräucht. Se hu Virdeeler an Nodeeler, wéi eigentlech alles. Virdeeler: Et kënnt ee vun iwwerall op seng E-Mailen, och vun anere Computeren. An vu dass se meeschtens IMAP gebrauchen kann een esou guer seng Ordnerstruktur am Mail-Client um Computer an am Webmail tselwecht hunn. Nodeel: Wann ee vill am Dag mat Maile schafft an vill verschiddenes mécht an schéckt (html Mailen, grouss attachments, asw …) dann ass en richtege Mail-Client eigentlech ëmmer nach besser well e méi séier ass an besser ze gebrauchen ass als eenzelne Programm. Als éischt wär et interessant ze wëssen: Notzt dir Webmail?

Read more…

Categories: Software, Web Tags: , , ,

Apple: Snow Leopard – eng mini kleng Verbesserung

August 30th, 2009 Johny G 4 comments

Säit dem 28.8. kritt een Snow Leopard, en Update fir Leopard ze kafen. Alles an allem sinn d’Updates virun allem ënnert der Hauf geschitt, d.h. grafesch ass net sou vill Ënnerscheed ze gesinn, en ass awer e gutt Stéck méi séier, a villen Hisiichten asw. Doriwwer kann een awer genuch noliesen um Internet. Eppes wat mir opgefall ass, eppes wat warscheinlech normal User komplett ignoréieren an ech awer wichteg fannen, ass dass och Apple, genee wéi et an de Linux Distributiounen schonn standard ass, endlech Bytes richteg ëmrechent an KB/MB/GB/TB. Et stëmmt nämlech NET dass 1KB = 1024Byte, well K steet jo hei fir kilo, wat 1000 bedeit, d.h. soulaang dës standard Bezeechnungen wéi Kilo, Mega, Giga, Tera gebraucht ginn, muss och streng gesinn mat 1000 gerechent ginn, net mat 1024 (mathematesch: Mat 10er Potenzen, net mat 2er Potenzen). An dat weist den Snow Leo och richteg un elo, well meng Tera-Disken ginn als 1TB ugewisen, net wéi virdrun iergendeppes an déi 900GB. Wann d’Zuelen sou wéi virdrun sollten ugewise ginn misst net hannendru stoen GB mee GiB.

Zu dem ganzen Thema kann een hei méi liesen: http://en.wikipedia.org/wiki/Binary_prefix

Categories: Apple, Software Tags:

Wéieng IDE ginn et fir PHP ze entwéckelen

July 17th, 2009 Johny G 11 comments

Wann ee matt PHP ufängt mat Programméieren, mécht een dat oft mat engem “normalen” Editor, Notepad++, vläicht och hëllt een den Dreamweaver well vill Leit deen hunn, an direkt Syntax Coloring praktesch fannen. Wann een awer virdrun oder och spéider eppes programméiert wéi Java, C# asw, fängt een un mat engem IDE (Integrated Development Environment), deen wäit méi bidd wéi nëmmen Syntax Coloring. Als Beispill bidden dës d’ Méiglechkeet vun Auto-Complete, also dass während dem Tippen een virschléi gemaach kritt vun Funktiounen/Variablen asw, déi am Projet bestinn respektiv an der Programmatiounssprooch existéieren. Och eng “Outline” bidden se wou een Objeten gesäit mat hieren Methoden, Felder (Variablen), wat eng ganz aner Iwwersiicht ass wéi all eenzel Datei am Explorer, soubal een e méi grousse Projet huet ass dat vill méi praktesch. Dann stellt een sech d’ Fro ob et esou eppes fir PHP gëtt, wéi z.B. Eclipse fir Java oder Visual Studio fir C#. An jo, et ginn der, an dës hunn ech méi oder wéineger getest, an wëll se lo hei vergläichen.

Read more…

Firefox rüstet sech geint XSS-Ugreff

June 24th, 2009 Prometheus No comments

Mozilla Firefox wëll esou Ugrëffer an Zukunft mat Hëllef vun enger Content Security Policy (CSP) verhënneren. Fir dass deen ganzen Konzept iwwerhaapt funktionéiert, gëtt den Browser lo nëmmen nach gewuer wéieen Content vertrauenswürdeg ass.

Read more…

Adobe Flex – Internet Applikatiounen am Flash

June 24th, 2009 Georges Jentgen 9 comments

Zenter en puer Méint schaffen ech lo haaptsächlech mat Adobe Flex. An enger Rei Artikelen well ech gär meng Erfahrungen publizéieren an an en Abléck do dran ginn wat Flex ass an wei Flex meng Art an Weis Internet Applikatiounen ze developpéieren changéiert huet.

Fir unzefänken well ech an dësem klengen Artikel kuerz erklären wat Adobe Flex ass an weieng Virdeeler dat Schaffen mat der Flash Plattform huet.

Read more…

iPhone OS 3.0 – MMS verschécken [UPDATE]

June 18th, 2009 Johny G 1 comment

Zimlech jiddereen deen en iPhone huet, wäert gëschter Owend direkt déi nei, 3.0 Firmware drop gesat hunn, wou och MMS domat ënnerstëtzt gëtt. Kollegen vu mir déi bei VOX sinn, gesinn dës Astellunge mol net, wahrscheinlech well se vum Netz selwer sollten (!) geliwwert ginn. LuxGSM do kann ee se och astellen, mee par défault sinn der dran, déi funktionéieren allerdéngs esou net. En brauch laang fir ze schécken, an dann weist en en Rout Ausruffzeechen nieft dem Bild (oder wat der wollt schécken eben), an seet Sending failed. Ech selwer si bei Tango, also dem eenzege Provider hei am Land deen keen iPhone huet. Ech hu probéiert mat ganz verschiddenen Astellungen vun den MMS ënner Settings -> General -> Network -> Cellular Data Network, an hunn dunn endlech déi richteg Konfiguratioun fonnt mat der et geet, an se kommen och direkt un déi aner Säit.

Read more…

Facebook Kalenner exportéieren

June 16th, 2009 claude 1 comment

Facebook bitt en klengen agebauten Kalenner un, wou d’Events fir déi een sech ugemellt huet an d’Gebuertsdeeg agedroen ginn. Leider gëtt et keen offiziellen Wee, dës Donnéeën z’exportéieren an en lokalen Kalenner-Programm wéi beispillsweis Apple iCal, Mozilla Sunbird, Google Calendar oder Microsoft Outlook anzebauen. Dass et trotzdem méiglech ass, soll dës kleng Uleedung weisen.

E puer Facebook-Application Entwéckler hunn sech dru gesat, dësen Kalenner offline accessibel ze maachen. Eraus komm ass d’Applikatioun fbCal, déi een op sengem Facebook-Account installéieren muss. Hei muss een der Applikatioun verschidden Rechter ginn: Als éischt muss se kënnen op d’Profil zeréckgräifen, an sie muss offline kënnen funktionéieren. Dëst brauch een, fir den Kalenner mat dem jeeweilegen Programm synchroniséieren ze kënnen.
Read more…

Categories: Howtos, Software, Web Tags: , ,

Windows 7 ouni Internet Explorer

June 14th, 2009 Johny G 18 comments

Laut News op heise.de vun virgëschter, gëtt de Windows 7 hei an der EU ouni den IE  ausgeliwwert. D’ PC-Hiersteller kënnen zwar herno drop installéieren wat se wëllen vun Browser, also och IE, mä standardméisseg ass en net drop.

Och wann vill Informatiker net grad Microsoft-fan sinn, zemols Web-entwéckler déi den IE net ganz gäer hunn, kann ee sech froën ob dat de richtege Wee ass. En Betriibssystem ouni Browser (standardméisseg) ausliwweren, do feelt natierlech eppes. Dobäi bidd Microsoft ville vun deene Browser iwwerhaapt d’ Méiglechkeet ze bestoën, an dann gëtt deene selwer verbueden en komplette Package als Betriebssystem ze verkafen. Natierlech ass et méiglech, dass d’ PC-Hiersteller elo virum Verkaf all Firefox installéieren … mä ob dat wärt de Fall sinn, ass of ze waarden.