Archive

Posts Tagged ‘Internet Explorer’

Windows 7 ouni Internet Explorer

June 14th, 2009 Johny G 18 comments

Laut News op heise.de vun virgëschter, gëtt de Windows 7 hei an der EU ouni den IE  ausgeliwwert. D’ PC-Hiersteller kënnen zwar herno drop installéieren wat se wëllen vun Browser, also och IE, mä standardméisseg ass en net drop.

Och wann vill Informatiker net grad Microsoft-fan sinn, zemols Web-entwéckler déi den IE net ganz gäer hunn, kann ee sech froën ob dat de richtege Wee ass. En Betriibssystem ouni Browser (standardméisseg) ausliwweren, do feelt natierlech eppes. Dobäi bidd Microsoft ville vun deene Browser iwwerhaapt d’ Méiglechkeet ze bestoën, an dann gëtt deene selwer verbueden en komplette Package als Betriebssystem ze verkafen. Natierlech ass et méiglech, dass d’ PC-Hiersteller elo virum Verkaf all Firefox installéieren … mä ob dat wärt de Fall sinn, ass of ze waarden.